Op der Areler Strooss am Stade Josy Barthel hat den F91 Diddeleng fir de Kont vum 2. Match an der Europa-League-Gruppephas Qarabag aus dem Aserbaidschan op Besuch. D’Ekipp aus der Forge du Sud huet verdéngt mat 1:4 de Kierzere gezunn.
D’Partie hat ee batteren Nogoût. No 30 Minutte ass eng Dron iwwert dem Terrain opgedaucht, déi wéinst engem montéierte Fändel d’Supporter an d’Spiller vu Qarabag opbruecht huet.
F91 Diddeleng - Qarabag Agdam 1:4
0:1 Zoubir (11'), 0:2 Michel (30'), 0:3 Almeida (37'), 0:4 Quintana (69'), 1:4 Bernier (90')
Am Grupp A goung et also fir den F91 en Donneschdeg weider. Mat Qarabag hat d’Ekipp vum Trainer Bertrand Crasson dach eng Inconnue virun der Broscht, ma fir Diddeleng huet et gegollt un d’Leeschtungen aus dem leschte Match unzeknäppen. Fir d’éischte Kéier ass den F91 no knapp 7 Minutten an de géigneresche Strofraum komm - de Bernier konnt dem Begovic am Gol awer net geféierlech ginn.
D’Ekipp aus dem Aserbaidschan war an den Ufanksminutten déi méi present Formatioun um Terrain. Diddeleng huet iwwerdeems versicht, dogéintzehalen. No knapp 10 Minutte krut den F91 dunn déi kal Dusch, wéi de Bouchouari hannen, no engem laange Ball, net gutt ausgesinn huet a sech vum Zoubir de Botter vun der Schmier huele gelooss huet. De Fransous huet net laang gezéckt, ofgezunn an de Joubert an der Këscht um falsche Fouss erwëscht - 1:0!
Diddeleng war am weidere Verlaf gefuerdert an huet misse géint kierperlech staark Aserbaidschaner zeréck an de Match fannen. Ma de Lëtzebuerger Champion hat et awer schwéier a war virun allem hanne riets ufälleg. Quasi op der hallwer Stonn wollt de Joubert d’Spill séier maachen an huet dem Pokar de Ball gepasst. Dëse gouf direkt ënner Drock gesat an huet doropshin de Ball verluer. Doraus ass eng weider Golgeleeënheet fir d’Aserbaidschaner entstanen, déi de Michel mat engem Käpper an ee Gol ëmgemënzt huet.
Kuerz drop koum et eben zu där kuriéiser Zeen mat der Dron. No Tumulter an de Gradinen an och um Terrain huet den Arbitter de Match ënnerbrach. No enger Véierelsstonn gouf awer nees Futtball gespillt.
D’Spiller waren no dem Dronen-Intermezzo nach net richteg waarm, wéi Qarabag op en Neits vir geféierlech optriede konnt. De Garos huet de Michel am 16-Meterraum liicht um Trikot gezunn, dat duergaangen ass, datt den Arbitter Beaton op de wäisse Punkt gewisen huet. Den Eelefter huet den Almeida propper verwandelt.
Diddeleng koum an der 43. Minutt fir d’éischte Kéier richteg geféierlech virun d’Këscht vu Qarabag, ma de Mendy huet aus kuerzer Distanz dat ronnt Lieder un d’Lat gekäppt - 0:3 no den éischte 45 Minutten.
Den F91 koum nom Téi gutt aus de Kabinnen an hat d’Chance op den 1:3-Uschlosstreffer. An der 52. Spillminutt war et de Mendy, dee mat engem stramme Schoss säi Gléck versicht hat, mä de Begovic huet de Ball aus dem ieweschten Eck gefëscht. Op der Stonn huet de Garros seng Ekipp du geschwächt, wéi den Diddelenger, dee well eng giel Kaart hat, ze aggressiv an den Duell gaangen ass an doropshin verdéngt Giel-Rout gesinn huet.
Just nodeems de Garros vum Arbitter an d’Dusch geschéckt gouf, huet de Joubert Diddeleng weider am Match gehalen. No engem Fräistouss huet den Diddelenger Kipper gutt reagéiert an de Ball in extremis vun der Linn gekraazt. Ronn 5 Minutte méi spéit huet de Quintana dunn awer den Deckel mat dem 4:0 definitiv op de Match geluecht.
Diddeleng huet am weidere Verlaf daper dogéintgehalen. 10 Minutte viru Schluss hat de Sinani quasi déi beschte Golgeleeënheet fir den F91. Hien hat versicht, de Ball op Korner direkt eranzesetzen. Den aserbaidschanesche Kipper hat awer eppes dogéint a konnt paréieren. Besser huet et an der 90. Minutt de Bernier gemaach. No enger flotter Ballzirkulatioun konnt den Diddelenger dat ronnt Lieder am Filet fir den Éieregol ënnerbréngen.
No engem onglécklechen Owend huet d’Ekipp aus der Forge du Sud deemno verdéngt 1:4 géint Qarabag verluer.
De 24. Oktober geet et fir den F91 Diddeleng zu Sevilla weider.
De Gerson Rodrigues war en Donneschdeg mat Dynamo Kiew géint den FC Lugano vun Ufank un am Asaz. De Lëtzebuerger Nationalspiller ass an der 70. Minutt ausgewiesselt ginn. De Match ass mat engem 0-0 Remis op en Enn gaangen. D’Young Boys vu Bern mam Christopher Martins gewannen 2-1 géint d’Glasgow Rangers
Den Arsenal setzt sech mat 4-0 géint de Standard vu Léck duerch.