Kuerz nom 2:0 fir d'Gäscht ass eng Dron iwwert de Stade Josy Barthel geflunn. D'Aktioun war wuel politesch motivéiert.

Dës Dron huet dozou gefouert, datt de Match ënnerbrach ginn ass a virun allem Supporter vu Qarabag opbruecht huet.

Den Arbitter huet de Match nom Drone-Virfall direkt ofgepaff a béi Ekippen an d'Vestiaire geschéckt. D'Supporter vu Qarabag sinn doropshin op den Terrain gelaf, wou d'Sécherheetsleit nawell Krämpes haten, fir d'Fans aus dem Aserbaidschan zeréckzehalen.

Dron provozéiert Matchënnerbriechung
D'Partie war tëschenzäitlech ënnerbrach an d'Ekippe goufen an d'Kabinne geschéckt.
Dron provozéiert Matchënnerbriechung
Beim Stand vun 2:0 fir d'Gäscht gouf d'Partie wéinst enger Dron ënnerbrach.
Weider Biller vun der Dron am Stadion
/

First Armenian Front bekenne sech zur Dot

Kuerz nom Match huet de Grupp "First Armenian Front /FAF ultras/" op Facebook e Bild gepost an erkläert, dass si fir de Virfall mat der Dron responsabel sinn. "D'Aktioun gouf vun de Jongen aus der Belsch duerchgefouert. Ugefouert vum Spartak J.", heescht et am Post vun den armeneschen Ultraen.

Mat der Aktioun hätt ee wëlle weisen, dass Qarabaq net zum Aserbaidschan gehéiert. Qarabag wier onofhängeg mat engem eegene Fändel. Den Numm Qarabag hätt a Wierklechkeet och näischt mam Futtballteam ze dinn a wier just mëssbraucht ginn, heescht et weider op der Facebooksäit vun Grupp.

De Mike Fandel war live op der Plaz

Wat war geschitt?
/

Kuerz nom 2:0 fir d'Gäscht ass eng Dron iwwert den Terrain vum Stade Josy Barthel geflunn. Un der Dron montéiert, war wuel ee Fändel vun der Republik Bergkarabach. Eng Provokatioun fir de Géigner vum F91. Zanter 1993 kann d'Ekipp vum Qarabag net méi doheem zu Agdam spillen. D'Stad gouf nom Bergkarabach-Konflikt tëscht Aserbaidschan an Armenien verlooss. 2016 war et nach eng Kéier zu bluddegen Eskalatioune komm. D'Bezéiung tëscht béiden Natiounen ass zanter hir méi ewéi ugespaant.

De Sportminister Dan Kersch hat sech direkt am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung fir d'Provokatioun entschëllegt. D'Partie war offiziell ënnerbrach, goung awer kuerz virun 22 Auer weider.

Auto futti a geklaut

Nom Tëschefall mat der Dron war d'Opreegung awer nach net eriwwer. Op Twitter huet ee Supporter gemellt, dass am Parking vum Stade Josy Barthel e puer Autoe vandaliséiert a souguer geklaut gi wieren.