
Um Enn huet de Lëtzebuerger Champion sech mat 41:34 duerchgesat. Mat deem Resultat sinn d’Chancë ganz grouss, datt den HBD eng Ronn weiderkënnt.
An der Paus war de Lëtzebuerger Rekordchampion just 2 Goler am Avantage. Den Itua Etute an den Aldin Zekan waren déi effikasst Diddelenger mat 9 respektiv 8 Goler.
De Retourmatch ass um Samschdegowend vun Hallwer 9 un och zu Diddeleng.