
D’Karolina Muchova ass an der Ufanksphas net gutt an de Match komm an huet den éischte Saz mat 2:6 géint d’Iga Swiatek verluer.
Am 2. Saz war d’Polin weiderhin iwwerleeën a louch nees séier mat 3:0 a Féierung. An der Suite huet d’Muchova den Niveau vun hirem Spill erhéicht, ass an de Match zréckkomm an huet deen Duerchgang mat 7:5 fir sech entscheet.
Am decisive Saz huet d’Nummer 1 vun der Welt dem Muchova beim Stand vu 5:4 de Service ofgeholl a mat 6:4 gewonnen.
D’Polin huet den Titel zu Paräis verdeedegt a konnt sech bei de French Open fir déi drëtte Kéier no 2020 an 2022 d’Kroun opsetzen.