Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDirk Carlson gewënnt mat Aue géint Heidenheim

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Verdeedeger stoung bei der 2:0-Victoire 76 Minutten um Terrain. E Samschdeg hunn Thill Bridder wéi och de Sinani Scorer Punkte gesammelt.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

An der 2. Liga an Däitschland ass Aue eng wichteg Victoire gelongen. Trotz den 3. Punkte géint Heidenheim sti Dirk Carlson a Co. weider op der 17. Plaz an der Tabell, d’Ausgangspositioun huet sech duerch d’Victoire awer verbessert an den Uschloss un déi aner Ekippen ass nees hiergestallt.

An der éischter Liga an Zypern ass den Tim Hall mat Achnas op Omnia getraff an huet mat 0:2 de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger souz op der Bänk a koum net zum Asaz. Achnas steet mat 2 Punkten op der leschter Plaz.

Och an der éischter Ukrainescher Divisioun verléiert den Enes Mahmutovic mat Lviv, deen op der Bänk souz an net agewiesselt gëtt, mat 0:2 géint Desna. FK Lviv steet mat 10 Punkten op der 13. Plaz vun insgesamt 16 Ekippen.

Samschdeg

Den Danel Sinani huet um Samschdeg säin 1. Gol an der englescher Championship geschoss. Bei der 1:2-Néierlag vun Huddersfield géint Cardiff huet de Lëtzebuerger an der 12. Minutt seng Ekipp a Féierung geschoss. An der 74. Minutt ass dunn den Ausgläich fir d’Lokalekipp gefall, éier Cardiff an der Nospillzäit den 2:1 markéiert huet, sou dass Sinani a Co. eng batter Néierlag mussen astiechen.

An der Ukrain gouf et fir Worskla Poltawa eng éischter iwwerraschend 2:1-Victoire géint Dynamo Kiew. Den Olivier Thill stoung 90 Minutten um Terrain an huet an der 74. Minutt Verantwortung iwwerholl a seng Ekipp per Eelefmeter zum 2:0 geschoss. Den éischte Gol huet den Thill virbereed. De Vincent Thill stoung net am Kader vu Poltawa. Poltawa läit als 3. an der Tabell elo 7 Punkten hannert Kiew.

Iwwerdeems huet de Sébastien Thill bei der 6:0-Victoire vu Sheriff Tiraspol géint Zimbru Chisinau den tëschenzäitlechen 3:0 markéiert. Sheriff läit an der Tabell 3 Punkten hannert Petrocub, huet awer wéinst der Champions League aktuell 3 Matcher manner um Konto.

Sparta Rotterdam huet an der 1. Liga an Holland 3:0 géint Willem 2 gewonnen. De Mica Pinto stoung 90 Minutte bei Rotterdam um Terrain. De Laurent Jans stoung net am Kader vu Rotterdam.

A Griicheland ass de Vahid Selimovic net zum Asaz komm. Kreta huet ouni de Lëtzebuerger 2:0 géint Atromitos gewonnen.

De Marvin Martins stoung wéinst enger Blessur net am Kader vun Austria Wien. Austria hat doheem Besuch vu Salzburg, de Match gouf mat 0:1 verluer.

An der Schwäiz huet Bern ouni de Christopher Martins, deen 90 Minutten op der Bänk huet misse Plaz huelen, 1:1-Gläich géint d’Grasshoppers Zürich gespillt.

Royal Union huet an der 1. Liga an der Belsch ouni den erkrankten Anthony Moris 4:0 géint Charleroi gewonnen.

Um Samschdeg de Mëtteg stoung an der 3. Liga an Däitschland de Match tëscht Saarbrécken a Kaiserslautern um Spillplang. D’Gäscht vum Betzenberg hunn de Match mat 2:0 gewonnen. De Maurice Deville gouf op Säite vu Saarbrécken net agewiesselt an huet de Match missen 90 Minutte vun der Bänk aus kucken.

Freideg

A Frankräich huet Troyes fir de Kont vum 13. Spilldag an der Ligue 1 däitlech mat 0:4 zu Lens verluer. De Gerson Rodrigues stoung bei Troyes de ganze Match um Terrain an huet an der 74. Minutt Giel gesinn.

An der däitscher Bundesliga huet sech Mainz mam Leandro Barreiro beim 1:1 géint Gladbach ee Punkt geséchert. De Lëtzebuerger gouf an der 88. Minutt agewiesselt. Op d’mannst bis e Samschdeg stinn déi Mainzer op der fënnefter Plaz an der Tabell.

An der 2. Liga a Portugal gouf et fir Vilafranquense ee Punkt géint Estrela. Den Eric Veiga souz bei der Lokalekipp, déi aktuell op der 15. Plaz an der Tabell steet, 90 Minutten op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO