BundesligaBarreiro a Co. séchere sech ee Punkt géint Gladbach

RTL Lëtzebuerg
No engem Gol vum Neuhaus hat de Widmer fir Mainz op 1:1 ausgeglach an domadder de verdéngte Punkt perfekt gemaach.
© AFP (Archiv)

E Freideg den Owend huet Mainz seng Chance géint offensiv harmlos an defensiv ufälleg Gladbacher genotzt a sech duerch een 1:1-Remis ee Punkt geséchert. Duerch dëst Gläichspill stinn déi Mainzer, bei deenen de Leandro Barreiro an der 88. Minutt agewiesselt gouf, op d’mannst bis e Samschdeg op der 5. Plaz an der Tabell. Gladbach huet dogéint de Sprong op d’Europacup-Plaze verpasst.

Déi Gladbacher hu virun allem am éischten Duerchgang enttäuscht, louchen awer laang duerch e Gol vum Nationalspiller Neuhaus (38') a Féierung. De Widmer (76') huet spéit den absolutt verdéngten Ausgläich fir d’Ekipp vum Bo Svensson markéiert. Mainz huet eng weider Kéier mat senger Leeschtung iwwerzeegt a setzt sech sou lues am ieweschten Tabellendrëttel fest.

De Spilldag am Iwwerbléck

D’Tabell vum däitsche Championnat

Back to Top
CIM LOGO