FuttballDirk Carlson kuckt zréck op 1. Profisaison beim KSC

Franky Hippert
„Et war total verréckt, wat mir e Sonndeg erlieft hunn“, seet den Dirk Carlson.
© AFP Archivbild

De Verdeedeger Dirk Carlson huet mat sengem Veräi Karlsruhe den direkte Maintien an der zweeter Däitscher Futtballbundesliga gepackt. Fir den 22 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller war et eng éischt Profisaison mat villen Erliefnisser.

Dirk Carlson kuckt zréck op 1. Profisaison/Franky Hippert

De KSC war als Opsteiger esouguer laang a Gefor, direkt erauszefalen. Du gouf et um leschte Spilldag just nach eng minimal Chance d’Barrageplaz ze verloossen. Karlsruhe huet misse bei Greuther Fürth gewannen an Nürnberg huet net de vollen Asaz zu Kiel dierfe kréien. Esou ass et dunn och komm, de Dirk Carlson:

De leschte Spilldag war schonn eppes Verrécktes. Et dee mer leet fir eis Supporter, datt se dat op der Couch esou laang hu missen aushalen. Zum Schluss hu just 2 Goler den Ënnerscheed gemaach, fir dran ze bleiwen, op eng Saison ass dat näischt.”

Och wann de Carlson um leschte Spilldag just op der Bänk souz, kann den 22 Joer ale Rietsverdeedeger awer e positiv op seng éischt Saison als Profi zeréckkucken:

Ech si mam Kapp nach ëmmer e bëssen am Bus an op eiser Feier. Ech hunn lo 16 Matcher als Titulaire gespillt, sinn 2 Mol agewiesselt ginn, dat heescht am Ganzen hunn ech 18 Matcher gespillt. Dat ass méi wéi d’Hallschent, dat hätt kee geduecht, ech selwer net. Ech hat mer keng besser éischt Saison als Profi kënne virstellen, ausser ech hätt elo bei Real Madrid gespillt. Mä ech kann awer och mat dëser Saison liewen.”

An der zweeter Bundesliga konnt den Dirk Carlson dann och scho ganz flott Momenter an de Stadien erliewen:

Ech war beim Derby zu Stuttgart dobäi, ech hunn déi Chance gehat, zu Dresden ze spillen, wou d’Ultrae komplett verréckt sinn, ech hunn zu Hamburg am Volksparkstadion viru 60.000 Leit gespillt, an och bei eis, eis Ultrae peitschen eis ëmmer no vir, dat ass komplett verréckt.”

De KSC spillt also och d’nächst Saison nees an der zweeter Däitscher Bundesliga, dat nämmlecht gëllt och fir de Carlson, deen nach zwee Joer e Kontrakt beim Däitschen Traditiounsveräin huet.

Back to Top
CIM LOGO