Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDirk Carlson mat wichteger Victoire am Derby géint Stuttgart

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems setzt sech Norrköping mam Lars Gerson mat 2:1 géint Kalmar duerch a Mainz muss sech mam Leandro Barreiro géint Augsburg geschloe ginn.

Sonndeg

De Karlsruher SC huet sech mam Dirk Carlson iwwerraschend mat 2:1 géint de VfB Stuttgart duerchgesat a steet duerch dës Victoire net méi op den Ofstigsplazen. De Lëtzebuerger Nationalspiller war de ganze Match am Asaz.

Den Gerson Rodrigues stoung beim 1:1-Remis vun Ankaragücü géint Gaziantep de ganze Match um Terrain. No 27 Matcher steet Ankaragücü an der tierkescher Süper Lig op der zweetleschter Plaz an der Tabell.

A Schweden konnt sech de Lars Gerson mam IFK Norrköping um 1. Spilldag eng 2:1-Victoire géint den FF Kalmar sécheren. Dobäi ass hien no 62 Minutten ausgewiesselt ginn.

An der 1. Bundesliga huet Mainz mam Leandro Barreiro an der Starteelef no engem fréie Gol an der 1. Minutt mat 0:1 géint Augsburg verluer. Duerch dës Defaite muss Mainz weiderhi géint den Ofstig kämpfen.

An der ieweschter Divisioun an der Tierkei gëtt och nees gespillt! Ankaragüçü mam Gerson Rodrigues huet bei Gaziantep 1-1 gläich gespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet déi 90 Minutten duerchgespillt. Säi Club bleift awer op der zweetleschter Plaz an der Tabell.

Samschdeg

E Samschdeg huet Paderborn däitlech mat 1:5 géint Werder Bremen verluer. De Laurent Jans stoung dobäi an der Starteelef, ass dann awer an der Paus ausgewiesselt ginn. Duerch dës Defaite ass den Ofstig fir Paderborn héchstwarscheinlech net méi ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO