Lëtzebuerger FuttballerDirk Carlson spillt mam KSC ëm de Verbleif an der 2. Bundesliga

RTL Lëtzebuerg
No der Corona-Paus leeft et fir de KSC awer guer net esou schlecht an och den Dirk Carlson kënnt sou lues nees un d'Rullen.

Vun de 4 Matcher no der Corona-Paus huet den Dirk Carlson der zwee gespillt. De KSC huet am Kampf géint den Ofstig bis elo 1 mol gewonnen an der 3 gläich gespillt. Ugangs souz de Lëtzebuerger Nationalspiller nach op der Bänk, ma virum Match géint Hannover koum déi gutt Nouvelle:

“Meng Chance ass jo elo komm. Mir hunn géint Hannover owes gespillt a moies war nach ee klengen Training, an op deem huet sech de Roßbach verletzt. Virum Match ass dunn den Trainer komm a sot mir, ech wier zwar net geplangt gewiescht, mä ech hätt keen Drock a soll einfach mäi Match spillen. Ech hunn ee gudde Match gemaach, hunn dunn nach géint St. Pauli gespillt an elo geet et géint Aue. Ech si gutt a Form a waarde just drop, sou vill wéi méiglech Matcher nach bis zum Schluss ze spillen.”

De Carlson huet elo déi lescht zwee Matcher iwwer 90 Minutte gespillt. Genau wéi an der éischter Bundesliga ginn et zanter der Reprise jo ganz streng Mesuren, déi wéinst dem Coronavirus mussen agehale ginn.

Dirk Carlson / Rep. Jeff Kettenmeyer

De Lenksverdeedeger huet sech un déi meescht gewinnt, bis op eng:

“Wat nervt an ech och selwer net richteg verstinn, ass, datt een op der Bänk eng Mask muss unhunn. Um Terrain selwer huet een duerno jo och keng un an et gëtt do Kontakt mam Géigner. Et ass warscheinlech éischter, fir mam Beispill virzegoen an datt et an der Populatioun akzeptéiert gëtt.”

Aktuell läit de KSC 5 Spilldeeg viru Schluss op der 16. Plaz an domat der Relegatiounsplaz. Nürnberg ass awer just zwee Punkte virdrun, allerdéngs ass och Wiesbaden op enger direkter Ofstigsplaz, just op zwee Punkten Distanz.

Back to Top
CIM LOGO