
De Magnus Ditlev huet den Triathlon zu Roth gewonnen an de Weltrekord vum Däitsche Jan Frodeno ënnerbueden. Den Dän huet déi 3,9 Kilometer Schwammen, 180 Kilometer Vëlofueren an 42 Kilometer Lafen an der Zäit vu 7:24:40 Stonnen hannert sech bruecht a war domat bal eelef Minutte méi séier wéi den ale Rekord vum Jan Frodeno aus dem Joer 2016.
Hannert dem Gewënner aus Dänemark koum den Däitsche Patrick Lange als Zweeten an d’Zil a blouf och nach ënner der aler Beschtzäit vum Frodeno (7:30:04 Stonnen). Drëtte gouf den Amerikaner Ben Kanute.
Och bei den Damme gouf et eng nei Beschtzäit. D’Schwäizerin Daniela Ryf, déi den Ironman op Hawaii scho fënnef Mol gewanne konnt, huet déi selwecht Distanz an 8:08:21 Stonnen zeréckgeluecht an domat d’Zäit vun der fréierer brittescher Triathleetin Chrissie Wellington (8:18:13 Stonnen) ëm knapp zéng Minutten ënnerbueden. Déi hat hire Rekord och am bayresche Roth opgestallt.