
Mat enger staarker Leeschtung ass d’Jeanne Lehair um Enn op déi 4. Plaz komm an huet de Podium just ëm 9 Sekonne verpasst.
D’Victoire war fir d’Brittin Beth Potter, déi aktuell Nummer 3 vun der Welt. Als Zweet ass d’Fransousin Léonie Périault mat engem Retard vu just 2 Sekonnen ukomm, komplettéiert gouf de Podium vun der US-Amerikanerin Summer Rappaport (+9 Sekonnen).
Nodeems déi lëtzebuergesch Europameeschterin nom Schwammen nach 35 Sekonnen hannert der 1. Plaz louch, huet si sech dunn an eng Grupp vu ronn 20 Athletinnen un der Spëtzt integréiert. Beim Lafen konnt si weider en héije Rhythmus bäibehalen a sou schliisslech op déi 4. Plaz kommen.