Karate-EMD'Jenny Warling kënnt op déi 7. Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet zu Porec a Kroatien d'Europameeschterschaft am Karate ugefaangen. Am Ganze si siwe Lëtzebuerger ageschriwwen.

Dorënner am Kumite an der Klass bis 55 Kilo d’Jenny Warling. Si ass eng vun 513 Karateka aus 47 Länner, déi fir d’Europameeschterschaften ageschriwwen sinn. Dat grousst Zil fir d’Europameeschterin vun 2019 ass dëst Joer awer d’Olympesch Spiller am August. Bei der EM ass awer keng direkt Qualifikatioun fir Tokio méiglech.

D’Jenny Warling

Eng direkt Qualifikatioun ass net méi méiglech, well d’EM zum Qualifikatiounsparcours gehéiert an ech an där Weltranglëscht vun Tokio net ënnert deene 4 éischte sinn, déi sech eben iwwer d’Weltranglëscht qualifizéieren. Dofir ass meng eenzeg Chance, fir mech am Juni um Qualifikatiounsturnéier nach ze qualifizéieren.

Aus Lëtzebuerger Siicht sinn e Mëttwoch awer schonns d’Pola Giorgetti, den David Marques, d’Kimberly Nelting an den Jordan Neves am Asaz. Dem Jenny Warling seng Kompetitioun war en Donneschdeg. Déi jonk Fra koum an der Klass bis 55 Kilo op déi gutt 7. Plaz.

D’Jenny Warling op der Karate-EM / Rep. Rich Simon

Et ass eng EM, déi natierlech ënner ganz strengen sanitäre Reegelen organiséiert huet musse ginn.

Jenny Warling: “Hei a Kroatien ass et esou änlech wéi iwwerall op der Welt. Iwwerall d’Mask unhunn. Den Ofstand anhalen. Mir hunn eis mussen teste loossen, fir anzereesen a fir d’Registratioun. Deen Dag, wou mir kämpfen, musse mir nach ee Schnelltest maachen.”D’lescht Joer ware wéinst Corona esou gutt wéi keng Kompetitiounen am Karate. Am Februar ass d’Jenny Warling dunn awer op Venedeg invitéiert ginn, fir un engem Stage mat de weltbeschte Karateka deelzehuelen. Virun der Europameeschterschaft war si nach bei engem K1 Premier League zu Lissabon am Asaz. Duerno ass déi konkret Preparatioun op d’EM ugaangen.

“Zanter ech vu Lissabon erëm sinn, hu mir méi spezifesch Traininge gemaach, fir mech op d’EM ze preparéieren. De leschte Weekend hunn ech awer näischt gemaach, fir fit ze sinn, wann et lass geet.”

D’Europameeschterschaft notzt d’Jenny Warling virun allem en vue vum Qualifikatiounstournoi fir d’Olympesch Spiller: “Mäin d’Zil op der EM ass, fir ee gudde Feeling ze hunn, fir de Quali-Tournoi den nächste Mount a mech gutt um Tatami ze fillen a gutt Matcher ze maachen.”

Op der EM kann d’Jenny Warling sech, wéi gesot, nach net fir Tokio qualifizéieren. Dat ass réischt den nächste Mount zu Paräis um Olympia-Qualifikatiounstournoi de Fall.

Back to Top
CIM LOGO