RéckbléckD'Jeunesse Esch, ee Stéck Minett

RTL Lëtzebuerg
Vun der Stater Gare dann op Esch: D'Escher Jeunesse ass de Veräin vun de Schmelzaarbechter.
D'Jeunesse Esch, ee Stéck Minett
Vun der Stater Gare dann op Esch: D’Escher Jeunesse ass de Veräin vun de Schmelzaarbechter.

D’Grënnungsjoer geet op 1907 zréck. A senger laanger Geschicht huet de Club schonn sou munch Héichten an Déiften erlieft. D’Tribünen an d’Gradine sinn an d’Jore komm a sollen lo no a no rafistoléiert ginn.

De Fussballterrain zu Esch am Quartier “Hiehl”, op der Grenz zu Frankräich, Däitsch-Oth, gëtt et zanter 1920. D’Heemecht vun der Jeunesse: Vill, flott, sportlech Momenter hu souwuel d’Spiller ewéi d’Supporter vum Veräin hei op dësem Wuess erlieft.

1975 huet de Géigner Bayern München geheescht. Am Retourmatch, den 1. Oktober 1975, huet den André Zwally den 1 - 2-Uschlossgol geschoss. Aner Géigner vun der Jeunesse hunn ë.a. Juventus Turin oder Grasshoppers Zürich geheescht. Op de Gradinen huet et dacks gebrannt.

Mëttlerweil huet den Terrain op der Grenz seng beschte Joren hannert sech. Elo sti gréisser Aarbechten an d’Haus. Bis d’Enn vum Joer daueren d’Aarbechten un de Gradinen. Duerno si weider Ëmbauaarbechten op der Grenz virgesinn. Allerdéngs nach net am Budget vun der Gemeng virgesinn.

28 Mol gouf d’Jeunesse an hirer Veräinsgeschicht Champion. 2010 eng leschte Kéier.

Back to Top
CIM LOGO