CincinnatiDjokovic behaapt sech a spannender Finall géint den Alcaraz

RTL Lëtzebuerg
Grad ewéi zu Wimbledon, koum et och beim Turnéier zu Cincinnati an der Finall zum Duell tëscht dem Carlos Alcaraz (WR1) an dem Novak Djokovic (WR2).
Cincinnati: Djokovic behaapt sech a spannender Final géint den Alcaraz
Grad ewéi zu Wimbledon, koum et och beim Turnéier zu Cincinnati an der Finall zum Duell tëscht dem Carlos Alcaraz (WR1) an dem Novak Djokovic (WR2).

Beim Masters Tournoi zu Cincinnati an den USA, dee jo bekanntlech Generalprouf fir d’US Open ass, koum et an der Finall zum Duell tëschent dem Carlos Alcaraz an dem Novak Djokovic. Dës Finall huet all Erwaardungen erfëllt an huet de Sprong souguer an d’Rekordbicher gepackt.

3 Stonnen an 49 Minutten huet dës Finall tëschent den aktuell beschten Tennisspiller op der Welt gedauert. Déi längste Finall zanter 1990, mam besseren Enn fir den Novak Djokovic.

Am Ufank huet et net esou gutt fir de Serb ausgesinn. Deen 1. Saz huet hien trotz enger Avance un den Alcaraz missen ofginn. Punkte waren am Ufank vun der Partie awer schonn, wéi et ze erwaarde war, spektakulär.

Béid Spiller hu sech alles ofverlaangt an um Enn konnt den Djokovic sech also fir déi verluere Wimbledon-Finall revanchéieren. Mat senger 5:7, 7:6 a 7:6 Victoire a sengem 95. Titel huet de Rekord-Grand-Slam-Gewënner seng Ambitioune fir d’US Open, déi déi nächst Woch ufänken, ënnerstrach.

Ma ob de Serb säi 24. Grand-Slam-Titel gewanne kann? Dat probéiert de Carlos Alcaraz ze verhënneren, deen, wéi et schéngt, deen eenzege momentan an der Tenniswelt ass, dee sech op Aenhéicht mam Djokovic duelléiere kann.

De Spuenier hat allerdéngs net seng beschte Woch zu Cincinnati erwëscht. Den Alcaraz huet dacks missen iwwert déi voll Distanz goen, bis d’Qualifikatioun gepackt war. Ugemierkt huet een him dat awer net.

Fënnef Woche louchen tëschent der Wimbledon-Finall an dëser. Géint en drëtt Duell tëschent dem Carlos Alcaraz an dem Novak Djokovic hätt ee bestëmmt näischt dogéint. Déi géif da fréistens den 10. September zu New York gespillt ginn. Den Titelverdeedeger heescht nämlech Carlos Alcaraz.

Duerch seng Victoire kënnt den Djokovic an der Tennis-Weltranglëscht elo och nees méi no un den Éischten Alcaraz erun. De Spuenier huet 9.815 Punkten, iwwerdeems den Djokovic elo 9.795 Punkten huet.

Den Daniil Medvedev huet op Plaz 3 schonn iwwer 3.000 Punkte Réckstand.

Back to Top
CIM LOGO