
An der éischter Partie treffen hei de Jannik Sinner an den Novak Djokovic openeen. Allebéid hate sech an hirer jeeweileger Véierelsfinall en Dënschdeg a 4 Sätz duerchgesat. Den Novak Djokovic géint den Andrei Rubljow an de Janik Sinner géint de Roman Safiullin.
E Mëttwoch goufen dann déi zwou aner Véierelsfinalle gespillt. Hei konnt de Carlos Alcaraz sech glat an 3 Sätz géint den Holger Rune duerchsetzen. Den Danil Medvedev misst géint de Christopher Eubanks allerdéngs iwwert déi voll Distanz vu 5 Sätz goen. Déi zweet Halleffinall heescht deemno Alcaraez géint Medvedev.