
Am Schi Alpin gouf et beim Super G zu Kvitfjell an Norwegen ee weidere Succès fir d’Lara Gut-Behrami. D’Schwäizerin war 12 respektiv 13 Honnertstel méi séier wéi déi zwou Éisträicherinnen Cornelia Hütter a Mirjam Puchner. D’Lara Gut-Behrami baut domat hir Féierung an der Gesamtwäertung weider aus a kéint no 2016 hiren zweete Succès feieren.
Zu Aspen an den USA gouf et am Riseslalom bei den Hären eng weider Victoire fir de Marco Odermatt. Nodeems de Schwäizer nom éischten Duerchgang nach op Plaz 3 louch konnt hie sech um Enn trotzdeem duerchsetzen, woumat hien och den 9. Riseslalom vun der Saison fir sech entscheet. Op d’Plazen 2 an 3 hunn et säi Landsmann Loïc Meillard an den Timon Haugan aus Norwegen gepackt.
Am Biathlon konnt d’Lena Häcki-Groß sech am Massestart iwwer 12,5 Kilometer zu Oslo duerchsetzen. Mat nëmmen zwee Feeler huet d’Schwäizerin sech d’Victoire virun de franséische Biathletinnen Julie Simon a Lou Jeanmonnot séchere kënnen.
Bei den Häre gouf et am Massestart iwwer 15 Kilometer ee Succès fir den Norweger Sturla Holm Laegreid, dee sech mat just engem Feeler duerchsetze konnt. Den Däitsche Benedikt Doll huet et mat zwee Feeler op déi zweete Plaz gepackt, komplettéiert gouf dem Podium vum Jesper Nelin aus Schweden.
Am Schisprangen konnt Norwegen sech an der Team-Competitioun souverän behaapten. Zu Lahti a Finnland haten déi véier norwegesch Schisprénger schonn am éischten Duerchgang eng komfortabel Avance, déi si sech dunn net méi huele gelooss hunn. Op d’Plazen 2 an 3 hunn et iwwerdeems déi éisträichesch an déi däitsch Ekippe gepackt.