FuttballD'Laura Miller gewënnt d'Coupe de Belgique mam Standard vu Léck

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend konnt sech d'Laura Miller mam Standard vu Léck am eegenen Stadion 3:0 an der Coupe-Finall géint Genk duerchsetzen.
D'Laura Miller am Interview
En Donneschdeg den Owend konnt sech d’Laura Miller mam Standard vu Léck am eegenen Stadion 3:0 an der Coupe-Finall géint Genk duerchsetzen.

Dat viru 9.027 Spectateuren, wat e Rekord fir e Futtballmatch vun den Dammen an der Belsch ass. D’Kapitänin vun der Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp stoung vun Ufank un um Terrain an hat an der 79. Minutt Pech, datt hire Schoss aus ronn 25 Meter just géint d’Lat gaangen ass.

Titel fir d’Laura Miller / Reportage Franky Hippert

Well d’Kapitänin vu Léck Maud Coutereels an der Nospillzäit een Eelefmeter verschoss hat, goung de Match an d’Verlängerung. Do hunn “Les Rouches” dunn awer den längeren Otem gehat a konnte sech duerch een Eegegol vun der Genkerin Romy Camps (99') a Goler vun der Zoë Van Eynde (101') an Aster Janssens (115') d’Victoire sécheren.

Domadder gewënnt Léck fir déi 9. Kéier d’Coupe bei den Dammen. Fir d’Laura Miller ass et deen éischten Titel bei de Profien a si ass domat och gläichzäiteg déi éischt Lëtzebuerger Futtballspillerin, déi am Ausland een Titel konnt gewannen.

Am RTL-Interview mam Sam Rickal huet d’Laura Miller ënner anerem iwwert d’Coupe-Finall geschwat. Donieft geet et awer och ëm déi éischt Nations-League-Campagne mat der Dammen-Nationalekipp am September an ëm hire Studium op der Uni zu Léck.

Back to Top
CIM LOGO