
No Victoirë géint Montenegro a San Marino souwéi Defaitë géint Zypern an Armenien ass Lëtzebuerg e Samschdeg am Match ëm Plaz 5 op Moldawien getraff, dee mat 2:1 konnt gewonne ginn.
Am éischten Eenzel hat d’Eleonora Molinaro keng Problemer mam Lia Belibova an huet sech an zwee Sätz mat 6:2 a 6:1 duerchgesat. Den zweete Simple ass awer un d’Moldawierinne gaangen, nodeems d’Liz Badde sech huet missen an zwee Sätz (3:6, 2:6) géint d’Arina Gamretkaia geschloe ginn. D’Decisioun huet domat missen am Dubbel falen, wou den Duo Eleonora Molinaro a Claudine Schaul sech an zwee Sätz mat 6:4 a 6:2 géint Belibova a Gamretkaia behaapte konnt.
D’Lëtzebuerger Damme komme mat dësem Succès op déi 5. vun 11 Plazen am Europa Grupp III beim Billie Jean King Cup. Mam Laura Palumbo Liz Badde hunn dës Woch och 2 jonk Spillerinnen hiren Debut an der Nationalekipp konnte feieren.