UEFA eEuro2020D'lëtzebuergesch "eFootball" Nationalequipe an der finaler Phas

RTL Lëtzebuerg
Am virtuelle Futtball ass Lëtzebuerg viru komm. Gespillt gëtt iwwer Internet mam Videospill "Pro Evolution Soccer 2020" (PES 20) op der Playstation 4.

D'UEFA eEuro ass d'Europameeschterschaft an Videospill-Futtball. En Donneschdeg den Owend um 19:00 gouf een Tournoi mat Frëndschaftsmatcher als Preparatioun op d'final Gruppephas organiséiert, dat ganzt online. Den Tournoi gëtt vun der italienescher Federatioun op d'Bee gestallt.

© UEFA eEuro2020

Lëtzebuerg koum bei den Testmatcher op déi 2. Plaz.

© Communiqué FLF an UEFA eEuro

Um Streaming-Site "Twitch" kann een d'Matcher vun der eEuro op de Kanäl vun den Nationalspiller kucken. Dat sinn den Gianluca Di Marco (Golf_Rrrrracer) an de Steve Wissmann (tristaan89). Si trieden iwwer hier Spillkonsol online géint Spiller aus anere Länner un.

D'final Gruppephas gëtt vum 23. bis de 24. Mee gespillt. An dëser leschter Gruppephas virun der Véierelsfinall trëtt Lëtzebuerg géint Holland, Kroatien a Montenegro un.

© UEFA eEuro2020

Duerno kommen déi zwou bescht Ekippen aus all Grupp an d'Véierelsfinall. D'Finall ass den 9. an den 10. Juli.

100.000 Dollar Präisgeld gëtt ënnert de Véierelsfinaliste verdeelt, dorënner 40.000 Dollar fir d'Gewënner.

Liest hei de Schreiwes vun der FLF.

Back to Top
CIM LOGO