
Am Dëschtennis ass d’Sarah de Nutte an der 1/16-Finall vum Dammeneenzel géint d’Polin Natalia Bajor eliminéiert ginn. D’Lëtzebuergerin huet sech mat 2:4 misse geschloe ginn, nodeems si an de Sätz nach vun 0:2 op 2:2 egaliséiert hat.
Um Owend huet dunn och d’Ni Xia Lian an der 1/16-Finall géint d’Fransousin Prithika Pavade verluer. No engem enke Match huet et um Enn 2:4 aus Siicht vun der Lëtzebuergerin geheescht.
Am Bouschéissen ass et fir d’Mariya Shkolna an der Aachtelsfinall géint d’Italienerin Elisa Roner gaangen. Um Enn huet d’Lëtzebuergerin mat 138:148 de Kierzere gezunn a konnt sech soumat net fir d’Véierelsfinall qualifizéieren.
Am Boxen huet de Michel Erpelding an der Gewiichtsklass bis 92 Kilo säi Match an der 1/16-Finall géint de Griich Vagkan Nanitzanian verluer. Wärend der drëtter a leschter Ronn huet den Arbitter de Match gestoppt.