BGL LigueD'Meeschterschaft ass duerch Defaite vum F91 Diddeleng nees spannend

RTL Lëtzebuerg
Den F91 huet mat 1:3 zu Stroossen verluer. Hannendru konnt sech d'Fola am Escher Derby behaapten. Déifferdeng huet sech kloer géint de Racing duerchgesat.
© Cliff Block

Um Sonndeg stoung de 26. Spilldag an der ieweschter Divisioun am Futtball um Programm.

Am Derby um Escher Gaalgebierg huet sech um Enn d’Fola mat 1:0 géint d’Jeunesse duerchgesat. An der 1. Hallschent gouf et kaum Spillfloss an d’spilleresch Qualitéit huet op deenen 2 Säite gefeelt. Ouni e Gol sinn d’Säite gewiesselt ginn. Och no der Paus kruten déi 883 Spectateure net vill gewisen. Um Enn huet eng Standard-Situatioun de Match entscheet. No engem Fräistouss huet de Klein de wichtege Gol fir seng Ekipp markéiert.

Fola wënnt den Escher Derby
Mat 1:0 huet ee sech géint d’Jeunesse duerchgesat an domadder de Réckstand op de Leader Diddeleng verkierzt.

Zu Stroossen huet den Tabelleleader F91 Diddeleng iwwerraschend mat 1:3 de Kierzere gezunn. D’Gäscht ware vun Ufank un déi dominant Ekipp um Terrain. No e puer méi klenge Golchancen huet de Sinani mat engem direkte Fräistouss den 1:0 fir seng Faarwe markéiert. Mat den éischten zwou Golchancen huet d’Heemekipp awer de Match gedréint. De Valente hat an 36. Minutt a kuerz no der Paus de Ball an de Filet gesat. an Der 81. Minutt huet de Perez duerch säi Gol den Deckel op d’Partie gemaach.

Profitéiere vum Diddelenger Ausrutscher konnt Hesper. De Swift huet doheem knapp mat 3:2 géint Wolz gewonnen. Den Terki hat seng Ekipp a Féierung bruecht. Den Ibrahimovic huet am Géigenzuch fir seng Ekipp ausgeglach. Nodeems de Philipp duerch 2 Goler op 3:1 erhéicht hat, huet ee gemengt, Hesper géing de Match souverän op en Enn spillen. Den 3:2-Uschlossgol vum Ibrahimovic koum fir d’Gäscht awer ze spéit.

Zu Déifferdeng huet d’Heemekipp de Racing mat 4:0 aus dem Stadion geschoss. D’Ekipp vum Pedro Resende war an der 1. Hallschent effizient a konnt duerch Goler vu Buch a Cabral 2:0 a Féierung goen. Nom Säitewiessel huet de selwechte Cabral per Eelefmeter op 3:0 gesat. D’Moral vun de Gäscht war gebrach an de Buch huet mat sengem zweete Gol fir de Schlusspunkt gesuergt.

Ënnen of huet sech Rodange duerch eng 1:0-Victoire géint den RM Hamm Benfica d’Chance bäibehale, fir nach op d’Relegatiounsplazen ze kommen. An enger dominanter 1. Hallschent huet den N’Diaye den éischte Gol geschoss. Et sollt den eenzege Gol an enger Partie bleiwen, an där quasi just d’Heemekipp gespillt huet.

Munneref huet sech an der leschter Minutt mat 2:1 géint de Progrès duerchgesat a sech wichteg 3 Punkten am Ofstigskampf geséchert. D’Partie war ab der 25. Minutt animéiert a béid Ekippen hu probéiert, no vir ze spillen. Nodeems de Progrès eng grouss Chance ausgelooss huet, ass op der anerer Säit Munneref duerch den Abdelkadous 1:0 vir komm. D’Gäscht hunn awer net laang gebraucht fir duerch de Klapp auszegläichen. An der 2. Hallschent ass et weider hin an hir gaangen, bis de Ramdedovic mat sengem Gol an der 95. Minutt zum Matchwinner avancéiert ass.

Donieft gouf et en 2:2-Remis tëschent Rouspert an Hueschtert a Péiteng huet sech zu Ettelbréck bei der Etzella mat 1:0 behaapt.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO