Internationale FuttballD'Münchener Bayern loosse Viktoria Köln keng Chance a stinn an der 2. Ronn

RTL Lëtzebuerg
Liverpool gewënnt a leschter Sekonn, kee Gewënner am London-Derby a Juventus gewënnt nees no zwee Matcher ouni Victoire.
© AFP

DFB-Pokal

Viktoria Köln - Bayern München 0:5
0:1 Gravenberch (35'), 0:2 Tel (45+1'), 0:3 Mané (53'), 0:4 Musiala (67'), 0:5 Goretzka (82')

Bayern München steet no enger souveräner Victoire an der zweeter Ronn vun der däitscher Coupe. Mat 5:0 setze si sech um Enn am Rheinenergiestadion géint d’Viktoria vu Köln duerch. Dobäi hunn d’Münchener déi ganzen Zäit iwwer de Match kontrolléiert an de Ball an hiren eegene Reien dréine gelooss. Viktoria Köln konnt seele geféierlech virun de Gol vum Sven Ulreich kommen. Allerdéngs war d’Freed grouss, wou den Handle de Ball an der 20. Minutt am Filet vum Ulreich ënnerbruecht huet, ier datt den Arbitter de Gol wéinst enger Abseitsstellung zeréckgeholl huet. Duerno hunn d’Münchener opgedréint an de Match zu hire Gonschten entscheet. De Voll konnt nach eng sëllege Chancë vun de Bayern entschäerfen, soss wier d’Victoire fir den FC Bayern nach méi héich ausgefall.

Den zweeten Tour vum DFB-Pokal gëtt e Sonnden, de 4. September um 17.10 Auer ausgeloust.

Premier League

FC Arsenal - Aston Villa 2:1
1:0 Jesus (30'), 1:1 Douglas Luiz (74'), 2:1 Martinelli (77')

Arsenal ass et gelongen, déi éischte Plaz an der Tabell ze festegen. Si setze sech mat 2:1 géint Aston Villa duerch. D’Goler fir d’Gunners konnten déi zwee Brasilianer Gabriel Jesus a Gabriel Martinelli markéieren. Fir Aston Villa huet iwwerdeems och e Brasilianer de Gol geschoss. Hei war et den Douglas Luiz, dee fir seng Faarwe markéiere konnt. Arsenal steet, no fënnef Victoiren, ouni Punkteverloscht ganz uewen an der Tabell, wougéint Aston Villa nach net esou richteg un d’Rulle kënnt. De Veräin aus Brimingham steet den Ament op der 19. Plaz.

Manchester City - Nottingham Forest 6:0
1:0 Haaland (12'), 2:0 Haaland (23'), 3:0 Haaland (38'), 4:0 Cancelo (50'), 5:0 Alvarez (65'), 6:0 Alvarez (87')

Keng Problemer gouf et e Mëttwochowend fir Manchester City. Si iwwerrennen den Opsteiger Nottingham Forest mat 6:0. Iwwerzeege konnt bei dëser souveräner Victoire virun allem den Erling Haaland, dee schonn an der éischter Hallschent en Hattrick fir seng Faarwe markéiere konnt. An der zweeter Hallschent sollten nach dräi weider Goler op Säite vu Manchester City falen. Hei konnt den Neizougang vu River Plate, de Julian Alvarez, fir déi éischte Kéier fir d’Citizens e Gol markéieren. Manchester City steet domadder nom 5. Spilldag op der 2. Plaz vun der Premier League. Fir Nottingham Forest dogéint geet an der Tabell ëmmer méi wäit no ënnen. Den Opsteiger fënnt sech den Ament op der 15. Tabelleplaz erëm.

West Ham United - Tottenham Hotspurs 1:1
0:1 Kehrer (34', Selbstgol), 1:1 Soucek (55')

Am London-Derby sollt et iwwerdeems kee Gewënner ginn. Am Match tëscht West Ham an den Tottenham Hotspurs komme béid Formatiounen net iwwert en 1:1-Remis eraus. Dobäi waren et zwee Spiller vun den Hammers, déi d’Goler am Match markéiere konnten. An der 34. Minutt war et den däitschen Thilo Kehrer, deen de Ball a sengem eegene Filet ënnerbruecht huet, ier datt den Tomas Soucek an der zweeter Hallschent nees de Score egaliséiere konnt. An der 95. Minutt haten d’Hammers iwwerdeems nach déi grouss Méiglechkeet, de Match fir sech z’entscheeden. Allerdéngs konnt keen Hammers-Spiller de Ball no enger Flank vum Bowen iwwert d’Linn drécken.

FC Liverpool - Newcastle United 2:1
0:1 Isak (38'), 1:1 Frimino (61'), 2:1 Carvalho (90+8')

Liverpool dréint a gewënnt de Match wuertwiertlech an der leschter Sekonn. Dobäi sollt de Match géint Newcastle fir d’Reds denkbar schlecht ufänken. An der 38. Minutt sollt de fréieren Dortmunder Isak nämlech d’Gäscht mat 1:0 a Féierung bréngen. Liverpool huet sech nom Géigegol, obschonns si méi Ballbesëtz haten, schwéier gedoen, de Géigner esou richteg ënner Drock ze setzen. An der zweeter Hallschent konnt de Roberto Firmino no enger schéiner Aktioun mam Salah allerdéngs den Ausgläich fir d’Reds markéieren. Duerno huet Liverpool den Drock erhéicht, mä d’Spiller vum Jürgen Klopp konnten den zweete Gol net fannen. Wou jidderee sech op e Remis agestallt hat, sollten d’Reds allerdéngs nach eng Kéier äiskal zouschloen. De Fabio Carvalho konnt d’Gepiddels am Strofraum vun Newcastle no engem Corner ausnotzen an den 2:1 an der 8. Minutt vun der Nospillzäit schéissen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - Spezia Calcio 2:0
1:0 Vlahovic (9'), 2:0 Milik (90+2')

Juventus Turin setzt sech, wéi ze erwaarde war, mat 2:0 géint La Spezia duerch. Den Dusan Vlahovic konnt schonn an der 9. Minutt fir déi al Damm treffen, ier datt den Arkadiusz Milik an der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent fir d’Decisioun gesuergt huet. Fir d’Spiller vun der Juve, déi an de leschten zwee Matcher net iwwert e Remis erauskomm sinn, ass dës eng wichteg Victoire, fir de schlechte Start an d’Saison eenegermoossen ze kompenséieren. Juventus Turin klëmmt no dëser Victoire op déi 4. Tabelleplaz an der Serie A.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Olympique Lyon - AJ Auxerre 2:1
1:0 Tete (29'), 2:0 Ekambi (72'), 2:1 Autret (80')

E Mëttwoch den Owend konnt sech den Olympique Lyonnais mat 2:1 géint den Opsteiger AJ Auxerre duerchsetzen. D’Gäscht, déi mat zwou Victoiren, engem Remis souwéi enger Defaite gutt an d’Saison gestart waren, haten allerdéngs Krämpes fir an de Match ze fannen. An der 29. Minutt konnt de Kenny Tete no enger gudder Kombinatioun mam Toko Ekambi den 1:0 markéieren an d’Victoire fir den OL an d’Weeër leeden. An der 72. Minutt war et dunn den Toko Ekambi, dee mat sengem Schoss zum 2:0 den Deckel op de Match maache konnt. Och dem Mathias Autret säi Gol an der 80. Minutt konnt näischt méi un der Victoire vu Lyon änneren. Lyon ass no véier Matcher mat zéng Punkte ganz vir un der Spëtzt vun der Ligue 1 mat dobäi.

Olympique Marseille - Clermont Foot 1:0
1:0 Gueye (49')

Marseille setzt sech mat enger knapper 1:0 Victoire géint Clermont Foot duerch. Allerdéngs hunn d’Spiller vum OM déi ganzen Zäit iwwer de Match geréiert an hunn déi géigneresch Ekipp net an d’Spill komme gelooss. Den entscheedende Gol sollt de Gueye an der 49. Minutt schéissen. An der 87. Minutt hätt Marseille op 2:0 erhéije kënnen, mä de chileeneschen Nationalspiller Sanchez konnt den him accordéierten Eelefmeter net eraschéissen. Marseille klëmmt mat dëser Victoire op déi 3. Tabelleplaz.

FC Toulouse - PSG 0:3
0:1 Neymar (37'), 0:2 Mbappé (50'), 0:3 Bernat (90')

De franséischen Haaptstadveräin konnt iwwerdeems dräi Punkten aus Toulouse entféieren. No Goler vun Neymar, Kylian Mbappé a Juan Bernat kënnen d’Spiller vu Paräis déi 4. Victoire an der Saison feieren. Den Opsteiger aus Toulouse konnt eng laang Zäit dem Drock vun de Staren aus Paräis standhalen, mä um Enn huet déi néideg Kraaft an och futtballeresch Klass gefeelt, fir géint de PSG ukommen ze kënnen. Paräis steet no fënnef Matcher punktgläich mat Lens un der Spëtzt vun der Ligue 1.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO