Biathlon D'Öberg-Schwëstere bei den Dammen zesummen um Podium

RTL Lëtzebuerg
Zu Annecy-Le-Grand-Bornand stoungen d'Poursuitte bei den Dammen a bei den Hären um Programm.
D'Elvira Öberg feiert hir éischt Victoire am Weltcup.
D’Elvira Öberg feiert hir éischt Victoire am Weltcup.
© AFP

D’Elvira Öberg konnt sech trotz zwee Feeler am Schéisse behaapten an huet um Enn déi éischt Victoire am Weltcup gefeiert. Op déi drëtt Plaz koum hir Schwëster Hanna Öberg. D’Franséisin Julia Simon huet sech virum eegene Public géint d’Schwedinne gewiert an ass mat engem Retard vu ronn véier Sekonnen op déi zweet Plaz gefuer.

Bei den Hären huet sech de Quentin Fillon Maillet ouni Feeler souverän duerchgesat. No engem spannende Schlusssprint huet sech de Russ Eduard Latypov déi zweet Plaz virum Vetle Sjastad Christiansen aus Norwege geséchert.

Back to Top
CIM LOGO