
Et sinn déi meescht Punkten zanter 57 Joer. D’Miami Dolphins hu ganzer 70 Punkte markéiert, deemno genau 10 Touchdowns: 5 duerch d’Loft a 5 um Buedem. Eng historesch Victoire fir d’Ekipp ronderëm de Quarterback Tua Tagovailoa.
Ma net all d’Favoritte sinn hirer Roll e Sonndeg gerecht ginn. Esou hunn d’Baltimore Ravens iwwerraschend mat 19:22 géint d’Indianapolis Colts verluer, d’Jacksonville Jaguars verléiere kloer mat 17:37 géint d’Houston Texans an d’Dallas Cowboys hu mat 16:28 géint d’Arizona Cardinals de Kierzere gezunn.
Weider gouf et an engem enke Match déi éischt Victoire vun der Saison fir d’Los Angeles Chargers. Si gewanne mat 28:24 géint d’Minnesota Vikings, déi domat weider ouni Victoire bleiwen.
New York Giants - San Francisco 49ers 12:30
Indianapolis Colts - Baltimore Ravens 22:19
Tennessee Titans - Cleveland Browns 3:27
Atlanta Falcons - Detroit Lions 6:20
New Orleans Saints - Green Bay Packers 17:18
Houston Texans - Jacksonville Jaguars 37:17
Denver Broncos - Miami Dolphins 20:70
Los Angeles Chargers - Minnesota Vikings 28:24
New England Patriots - New York Jets 15:10
Buffalo Bills - Washington Commanders 37:3
Carolina Panthers - Seattle Seahawks 27:37
Dallas Cowboys - Arizona Cardinals 16:28
Chicago Bears - Kansas City Chiefs 10:41
Pittsburgh Steelers - Las Vegas Raiders 23:18