DFB-PokalDortmund am Eelefmeterschéisse weider, fënnef Bundesligisten eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg goufen an Däitschland déi éischt Matcher vum zweete Spilldag am DFB-Pokal gespillt.
© KIRILL KUDRYAVTSEV / AFP

Frankfurt – Dortmund 2:4 am Eelefmeterschéissen
1:0 Knauf (7'), 1:1 Brandt (48'),
Eelefmeterschéissen: 0:1 Silva (E), 1:1 Uzun (E), 1:2 Süle (E), 1:3 Chukwuemeka (E), 2:3 Batshuayi (E), 2:4 Nmecha (E)

Am Spëtzematch vun en Dënschdeg huet d’Eintracht vu Frankfurt Borussia Dortmund empfaangen. Den Angsar Knauf konnt d’Haushären an der 7. Minutt géint säin Ex-Veräin a Féierung bréngen. Et sollt bis zur 48. Minutt daueren, éier d’Gäscht a Gestalt vum Julian Brandt kënnen ausgläichen.

Duerno bleift de Match ouni weider Goler. De Burkardt kann de Ball zwar am Dortmunder Gol placéieren, steet dobäi awer am Abseits, sou dass d’Decisioun schliisslech am Eelefmeterschéisse muss falen. Hei beweisen déi Schwaarz-Giel déi besser Nerven, sou dass Dortmund an d’Aachtelsfinall vun der däitscher Coupe anzitt.

Wolfsburg – Kiel 0:1
0:1 Bernhardsson (42') (E)

Manner glécklech ass den Owend fir de VFL Wolfsburg verlaf. Nodeems de Seelt déi Rout Kaart gesäit, spillen d’Wëllef vun der 36. Minutt u virum eegene Public an Ënnerzuel. An der 42 Minutt ass et dann de Bernhardsson, deen d’Gäscht per Eelefmeter a Féierung bréngt. Un dësem Score sollt sech och bis zum Schluss vum Match näischt änneren, sou dass Holstein Kiel aus der zweeter Bundesliga eng Ronn weider ass.

Heidenheim – Hamburg 0:1
0:1 Glatzel (83') (E’)

Änlech kal huet et och Heidenheim erwëscht. Nodeems de Sierslaben an der 44. Minutt Rout gesäit, muss de Bundesligist déi ganz zweet Hallschent géint den Hamburger Sportklub an Ënnerzuel spillen. Et ass da schliisslech de Glatzel, dee per Eelefmeter dofir suergt, dass Hamburg gewënnt an eng Ronn weiderkënnt.

Hertha BSC Berlin – Elversberg 3:0
1:0 Cuisance (15'), 2:0 Gronning (58'), 3:0 Dorsteinsson (90+4') (E)

St. Pauli – Hoffenheim 8:7
1:0 Wahl (1'), 1:1 Prömel (47'), 1:2 Kramaric (107'), 2:2 Pereira Lage (120+2')

No engem spannende Match an 18 Eelefmeter huet sech den FC St. Pauli den Ticket fir d’Aachtelsfinalle geséchert. Schonn an der 1. Minutt war et der Lokalekipp, déi mam Danel Sinani op der Bänk gestart war, gelongen, duerch e Gol vum Hauke Wahl no engem Corner a Féierung ze goen. No enger éischter schwaacher éischter Hallschent vum TSG Hoffenheim war de Gäscht dann nom Säitewiessel direkt den Ausgläich gelongen. Mat engem gerechten 1:1 ass et dann no 90 Minutten an d’Verlängerung gaangen. Nom 2:1 fir d’Ekipp aus Sinsheim duerch en Eelefmeter vum Andrej Kramaric huet et dann dono ausgesinn, wéi wa si d’Féierung iwwert d’Zäit brénge kéinten. Ma duerch den 2:2 vum Mathias Pereira Lage a leschter Sekonn ass et dann nach an d’Eelefmeterschéisse gaangen. Do konnt de Ben Voll den decisiven 18. Eelefmeter halen an de Match fir St. Pauli entscheeden. Den Danel Sinani war net an den Asaz komm.

Mönchengladbach – Karlsruhe 3:1
1:0 Machino (3'), 2:0 Elvedi (51'), 2:1 Schleusener (59'), 3:1 Tabakovic (89')

No der bis elo katastrophaler Bundesliga-Saison ass der Borussia aus Mönchengladbach an der Coupe een éischte Succès gelongen. D’Lokalekipp war nom fréie Gol weiderhin déi besser Ekipp um Terrain, déi och déi meescht Chancen de Match iwwer hat. Um Enn war d'3:1-Victoire verdéngt.

Cottbus - Leipzig 1:4
0:1 Bakayoko (13'), 0:2 Baumgartner (28'), 0:3 Baumgartner (37'), 0:4 Banzuzi (59'), 1:4 Engelhardt (86')

Den DFB-Pokal-Owend beim Drëttligist zu Cottbus war vun Ufank u vun engem Doudesfall an de Schiet gestallt ginn. Bei der Entrée war et virum Match ouni Friemawierkung fir e Supporter aus Leipzig zu engem medezineschen Noutfall komm, deen da méi spéit am Spidol un de Suitte gestuerwen ass. Um Terrain war fir Cottbus géint de Favorit RB Leipzig näischt ze maachen, sou datt si um Enn mat engem verdéngte Succès an déi nächst Ronn anzéien.

Augsburg – Bochum 0:1
0:1 Holtmann (39')

Back to Top
CIM LOGO