BundesligaDortmund behaapt sech mat 2:1 géint Mainz

RTL Lëtzebuerg
Um 29. Spilldag setzt sech ënnert anerem Leipzig géint Wolfsburg duerch a Stuttgart bleift weiderhin an der Kris.

Dortmund - Mainz 2:1

No der klorer Defaite vu leschter Woch wollt Dortmund e Samschdeg den Owend géint Mainz virun den eegene Spectateuren eng Äntwert ginn. Et huet ee sech also eng engagéiert Lokalekipp erwaart, déi och fréi Drock op d’Gäscht gemaach hunn. Sou huet et och net all ze laang gedauert bis den éischte Gol gefall ass. An der 17. Minutt war et dann sou wäit, bis de Sancho eng schéi Flank vum Götze verwäerte konnt an Dortmund a Féierung bruecht huet. De jonke Stiermer aus den USA hat awer nach net genuch, an huet just 7 Minutte méi spéit op 2:0 erhéicht.

Nom Säitewiessel war awer näischt méi sou wéi virdrun. Dortmund huet d’Kontroll iwwert de Match verluer a sou huet sech de Gaascht aus Mainz ëmmer méi zougetraut. An der 84. Minutt war et dann de Quaison, deen op 2:1 verkierzt huet an Dortmund zum ziddere bruecht huet. Ma e staarke Bürki suergt zum Schluss dofir, dass déi dräi Punkten zu Dortmund bleiwen. Domat ass den FC Bayern e Sonndeg um 15:30 Auer am Match géint Düsseldorf gefuerdert. U Spannung feelt et dës Saison an der Bundesliga allefalls net.

Hannover - Gladbach 0:1

De Match zu Hannover huet direkt mat engem Schock fir béid Ekippen ugefaangen. An der 1. Minutt sinn den Ostrzolek an de Stindl aneneegerannt. Dobäi huet sech zemools de Gladbacher Spiller méi schwéier verletzt. No enger gréisserer Behandlungspaus ass hien dann direkt an d’Spidol gefouert ginn, wou dann e Broch vum Schinnebeen festgestallt gouf. Am weider Spillverlaf huet de Gaascht ëmmer besser an de Match fonnt, ma fir e Gol sollt et an der éischter Hallschent net duergoen, wat och un der staarker Leeschtung vum Esser am Gol vun den Hannoveraner louch.

No der Paus huet sech de Gaascht da mat engem Gol belount. De Raffael war et, deen dem Esser am Gol mat engem ofgefälschte Schoss keng Chance gelooss huet.

Leipzig - Wolfsburg 2:0

All ze laang huet et net gedauert, bis de Ball zu Leipzig eng éischte Kéier de Wee an de Gol fonnt huet. An der 16. Minutt war et nämlech de Kampl, deen d’Lokalekipp mat 1:0 a Féierung bruecht huet. Vun de Gäscht aus Wolfsburg ass awer net all ze vill komm a sou huet de Werner an der 28. Minutt op 2:0 erhéicht.

Bremen - Freiburg 2:1

Fir Freiburg stoung um 29. Spilldag en immens formstaarke Géigner um Programm, deen an der Bundesliga säit 11 Matcher net méi verluer huet. Doropshin huet d’Ekipp aus dem Breisgau an der éischter Hallschent vill Wäert op d’Defense geluecht an hanne sou gutt wéi näischt zougelooss. Sou ass et zu Bremen mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.

Stuttgart - Leverkusen 0:1

Nodeems Nürnberg a Schalke um Freidegowend Punkte leie gelooss hunn, hat Stuttgart e Samschdeg d’Chance e puer Punkte gutt ze maachen am Tabellekeller. Ma als Géigner stoung awer Leverkusen um Terrain, déi am Moment ëm eng Plaz an der Europa League kämpfen. An den éischte 45 Minutten haten d’Gäscht Problemer géint eng gutt Stuttgarter Defense duerchzekommen, soudass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel war et dann en Eelefmeter, deen zum éischte Gol am Match gefouert huet. Den Havertz ass vum Punkt äiskal bliwwen an huet d’Werkself mat 1:0 a Féierung bruecht.

Nürnberg - Schalke 1:1

De Résumé vum Match Nürnberg - Schalke

Back to Top
CIM LOGO