Internationale FuttballSchalke an Nürnberg trenne sech mat engem 1:1

RTL Lëtzebuerg
An der Ligue 1 a Frankräich huet Lyon mat 1:2 beim FC Nantes verluer.
© AFP

Bundesliga

Nürnberg - Schalke 1:1

E Freideg den Owend gouf et eng weider schwaach Leeschtung vu Schalke. D’Ekipp vum Huub Stevens ass am direkten Duell géint Nürnberg net iwwert een 1:1-Gläichspill erauskomm. Schalke verpasst et domadder sech Loft op d’Ofstigsplazen ze verschafen. Fir Nürnberg gesäit et och net gutt aus, si bleiwen op der 17. an zweetleschter Plaz.

Nürnberg war am Ufank déi besser Ekipp am Match géint Schalke. E Gol sollt hinnen trotz allem an den éischte 45 Minutten net geléngen. Den Ishak, de Schwede an de Löwen hu gutt Chancen net genotzt. Kuerz virun der Paus gouf et nach eng Kéier turbulent. E Gol huet net gezielt an een Eelefmeter gouf verschoss. No engem Feeler vum Caligiuri hat sech den FCN-Kapitän Berens de Ball gekroopt, e laanscht de Kipper Nübel geluecht an aus kuerzer Distanz iwwert d’Linn gedréckt. De Berens hat de Fouss dobäi héich an der Luucht, sou datt den Arbitter e Foul gepaff huet. Kuerz drop hat Nürnberg dunn d’Chance per Eelefmeter a Féierung ze goen, dat no engem Foul vum Nübel um Pereira. Ma dës Chance konnt d’Lokalekipp net notzen, well den Nübel de Schoss vum Berens konnt halen.

Nom Téi war den Opsteiger weider déi besser Ekipp um Terrain. An der 82. Minutt ass dunn endlech déi verdéngte Féierung gefall. No enger Flank vum Pereira hat de Kubo dat ronnt Lieder mam Kapp an de Filet gesat. De verdéngten 1:0 fir Nürnberg. Laang huet d’Freed iwwert de Gol awer net gedauert, well d’Gäscht zwou Minutte méi spéit scho konnten ausgläichen. No engem Korner hat de Mathenia de Ball no vir degagéiert, dësen ass virun de Féiss vum Mascarell gelant an deen huet dunn aus 18 Meter ofgezunn. Säi Schoss wär knapp laanscht gaangen, ma den Nastasic huet de Ball nach an de Gol deviéiert. Den 1:1 fir Schalke. Bei dësem Score ass et bis zum Schluss bliwwen. Domadder gëtt et fir béid Ekippen 1 Punkt.

LINK: D’Bundesliga am Iwwerbléck

Ligue 1

Nantes - Lyon 2:1

Am franséische Championnat huet Lyon iwwerraschend auswäerts mat 1:2 géint Nantes verluer. D’Lokalekipp war an der 11. Minutt duerch de Coulibaly mat 1:0 a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus konnten d’Gäscht duerch den Terrier ausgläichen. An der zweeter Hallschent huet et du laang no engem Remis ausgesinn, ma an der 83. Minutt huet den Limbombe den 2:1 fir Nantes geschoss a sengem Veräin esou déi dräi Punkte geséchert. Duerch d’Defaite bleift Lyon 5 Punkten hannert dem Tabellenzweete Lille. D’Ekipp vum Gérard Lopez spillt e Sonndeg géint de Leader PSG.

Dijon - Amiens 0:0

LINK: D’Ligue 1 am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO