
No der 1:0-Victoire vu Bielefeld géint Freiburg stoung um Samschdeg d’Suite vum 28. Spilldag an der Däitscher Bundesliga um Programm. Hei hat Bayern München mat Union Berlin eng vun den Iwwerraschunge vun der Saison op Besuch. No 90 Minutten huet den FCB sech misse mat engem Remis zefridde ginn. Leipzig huet dovunner profitéiert, well een duerch en Victoire zu Bremen de Retard op Bayern op 5 Punkte reduzéiere konnt.
Dortmund huet sech iwwerdeems knapp zu Stuttgart duerchgesat. Frankfurt huet Wolfsburg geklappt an d’Hertha a Gladbach hu gläich gespillt.
Doriwwer eraus ass de Ball och an de weideren europäesche Championnater gerullt. D’Resultater vun de Matcher fannt Dir hei.
Vun de Lëtzebuerger Futtballer am Ausland war ënnert anerem de Gerson Rodrigues mat Kiew géint Dnipro-1 gefrot.
Stuttgart - Dortmund 2:3
1:0 Kalajdzic (17'), 1:1 Bellingham (47'), 1:2 Reus (52'), 2:2 Didavi (78'), 2:3 Knauff (80')
No der 4:3-Victoire vu Frankfurt géint Wolfsburg war eng Victoire aus Siicht vun Dortmund zwéngend noutwenneg, wa si sech nach wëlle fir d’Champions League qualifizéieren. Ma et war awer d’Lokalekipp vu Stuttgart, déi no 17 Minutten a Féierung goe konnt. Wéi esou dacks an de leschte Matcher war et de Kalajdzic, deen eng Virlag vum Sosa mam Kapp konnt am Filet ënnerbréngen. Dëse Réckschlag war ee Schock fir Dortmund, déi am weidere Verlaf vun den éischte 45 Minutte wuel beméit waren, ma virun allem déi entscheedend Pass an der Offensiv war dacks net prezis genuch, fir Stuttgart a Gefor ze bréngen.
No der Halbzeit koum de BVB mat vill Tempo an Entschlossenheet aus der Kabinn. No nëmmen 2 Minutten an der 2. Hallschent konnt de Bellingham fir d’Gäscht ausgläichen, dëst mat engem prezise Schoss an den ënneschten Eck. Nëmme 5 Minutten nom Ausgläich konnt de Reus de Match dréinen. No enger Pass vum Morey hat den Haaland de Ball an der Mëtt duerchgelooss a sou konnt de Reus markéieren. Duerno gouf et Chancen op béide Säiten, woubäi den Haaland an de Coulibaly déi beschte Geleeënheeten net verwäerte konnten, dëst an der 65. respektiv 67. Minutt. An der 78. Minutt konnt de VfB Stuttgart ee Konter perfekt ausspillen, a sou fir eng spannend Schlussphas suergen. De Coulibaly hat den Didavi geschéckt, deen d’Nerve virum Hitz behale konnt, a sou den 2:2 geschoss huet. D’Freed fir Stuttgart war awer net vu laanger Dauer. An der 80. Minutt konnt sech den agewiesselte Knauff duerchsetzen an de BVB mat engem prezise Schoss op en Neits a Féierung bréngen. Um Enn war de Gol vum jonken Offensivmann och den entscheedende Gol vun der Partie, an där Dortmund sech also wichteg 3 Punkten erkämpfe kann.
Bayern München - Union Berlin 1:1
1:0 Musiala (68'), 1:1 Ingvartsen (85')
Fir de Leader vu München stoung doheem géint Union Berlin eng schwéier Aufgab um Programm. Nieft de personelle Suerge vun der Lokalekipp war mat Union Berlin eng vun de positiven Iwwerraschunge vun der Saison op Besuch. Bayern war wuel beméit, fir d’Heft an d’Hand ze huelen, ma Union Berlin stoung sécher an huet net vill zougelooss. An der 23. Minutt hate si hirersäits déi beschte Geleeënheet an der éischter Hallschent. Den Endo hat mat enger Flank de Bülter um zweete Potto fonnt, ma den Neuer am Münchener Gol konnt de Ball ofwieren.
Nom Säitewiessel war et dat selwecht Bild. Bayern war beméit, ma Union Berlin stoung weider konzentréiert an huet net vill zougelooss. Et huet bis déi 68. Minutt gedauert, éier déi Berliner Defense eng éischter Kéier geschloe war. No enger Flank vum Pavard konnt de Müller de Ball op de Musiala ofleeën, dee aus 5 Meter keng Problemer méi hat. Ma d’Gäscht konnte sech awer fir hir gutt Leeschtung belounen. An der 85. Minutt stoung den Ingvartsen no enger Pass vum Andrich goldrichteg a konnt de Ball aus ronn 5 Meter iwwert d’Linn drécken. Domat kann Union Berlin ee Punkt aus München mat heem huelen.
Bremen - Leipzig 1:4
0:1 Olmo (23'), 0:2 Sörloth (32'), 0:3 Sörloth (41'), 1:3 Rashica (61', Eelefmeter), 1:4 Sabitzer (63')
Leipzig war zu Bremen vun Ufank un déi spilleresch besser Ekipp. Ëmmer erëm hu si et virun allem iwwert de Kluivert probéiert, ma et huet awer déi entscheedend Prezisioun an den éischte Minutte gefeelt. An der 23. Minutt konnt den Dani Olmo ee flotte Spillzuch fir déi verdéngte Féierung kréinen. No enger Rei vu gudde Passe koum de Ball um Enn vum Kampl op den Olmo, deen dem Pavlenka am Gol vu Bremen keng Chance gelooss huet. Kuerz nom Réckstand haten d’Haushären duerch de Selke d’Chance op den Ausgläich, ma säi Kappball goung awer laanscht de Potto. Duerno huet Leipzig de Match erëm an d’Hand geholl, a sou huett et och net laang gedauert, éiert si d’Féierung ausbaue konnten. No enger Flank vum Nkunku stoung de Sörloth ze fräi am Strofraum a sou konnt de Stiermer de Ball mam Kapp am Filet ënnerbréngen. Nach virum Enn vun der éischter Halbzeit konnt de norwegesche Stiermer vu Leipzig fir d’Virentscheedung suergen. No enger flaacher Pass vum Orban an de Strofraum hat de Sörloth an der Mëtt keng Problemer méi, fir op 3:0 ze stellen.
No der Paus koum Bremen verbessert aus der Kabinn. An der 59. Minutt hat den Offiziellen, den Här Badstübner, dann op Eelefmeter entscheet, dëst nodeems de Kampl mat der Hand um Ball war. De Rashica hat sech dës Geleeënheet net huele gelooss a konnt sou verkierzen, ma d’Freed war net vu laanger Dauer. Nëmmen zwou Minutte méi spéit konnt de Sabitzer déi 3-Goler-Avance erëm hierstellen. Leipzig huet de Match duerno geréiert an näischt méi zougelooss. Um Enn gouf et eng kloer 4:1-Victoire fir den Tabellenzweeten.
Frankfurt - Wolfsburg 4:3
0:1 Baku (6'), 1:1 Kamada (8'), 2:1 Jovic (27'), 2:2 Weghorst (46'), 3:2 Silva (54'), 4:2 Durm (61'), 4:3 Tuta (85', Selbstgol)
Am direkten Duell tëscht dem Tabellendrëtte Wolfsburg an dem direkte Noper vu Frankfurt goung et ëm wichteg Punkte fir d’Qualifikatioun fir d’Champions League. Deementspriechend war et och eng ganz flott Partie mat Aktiounen a Geleeënheeten op béide Säiten. Um Enn hat Frankfurt awer dat bessert Enn fir sech a sou konnte si de Réckstand op Wolfsburg op ee Punkt verréngeren.
Hertha - Gladbach 2:2
1:0 Ascacibar (23'), 1:1 Plea (27'), 1:2 Sindl (38', Eelefmeter), 2:2 Cordoba (49')