
Am Internationale Futtball ass e Freideg ënnert anerem de Ball an der däitscher Bundesliga an an der franséischer Ligue 1 gerullt.
Arminia Bielefeld - SC Freiburg 1:0
1:0 Santamaria (68', Selbstgol)
Den Opsteiger Bielefeld huet fir den Optakt vum 28. Spilldag an der Bundesliga den SC Freiburg mat 1:0 (0:0) geklappt a klëmmt domadder an der provisorescher Tabell op Plaz 14.
D’Ekipp vum Trainer Frank Kramer, deen a sengem néngte Versuch fir d’éischte Kéier als Cheftrainer ee Bundesliga-Heemmatch gewonnen huet, huet sech fir eng couragéiert Virstellung belount. Bielefeld huet fir déi dräi Punkten allerdéngs ee Selbstgol vum Freiburger Santamaria an der 68. Minutt gebraucht.
Den SC dierft duerch déi véiert Néierlag aus de leschte fënnef Matcher aus der Course ëm d’Europa-League-Plazen eraus sinn. Freiburg huet allerdéngs näischt méi mam Ofstigskampf ze dinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Metz - OSC Lille 0:2
0:1 Yilmaz (60'), 0:2 Celik (89')
Fir de Kont vum 32. Spilldag an der Ligue 1 a Frankräich huet Metz mat 0:1 géint de Leader Lille de Kierzere gezunn. An der 17. Minutt hat Metz een Eelefmeter, ma de Leya huet vum Punkt verschoss. Lille ass duerch e Gol vum Yilmaz an der 60. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. Fir d’Decisioun huet den Celik mam 2:0 an der 89. Minutt gesuergt.
Fir Metz war et déi drëtt Defaite noeneen an zanter Enn Februar huet ee kee Match méi gewonnen an der Ligue 1. Aktuell steet den FC Metz op der 10. Plaz an der Tabell. Lille huet mat engem Match méi elo un der Spëtzt 6 Punkten Avance op de PSG.
De ganze Resumé vum Match fannt Dir bei de Kolleege vun RTL 5minutes.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga