
Nodeems en Dënschdeg d’Aachtelsfinallen an der Champions League lancéiert goufen, stoungen e Mëttwoch zwee weider Matcher um Programm. Am Toppmatch vum Owend konnt sech Dortmund géint Chelsea mat engem 1:0 duerchsetzen. D’Spectateure kruten dobäi an der éischter Hallschent e chancenaarme Match ze gesinn an deem sech béid Ekippen dunn an der zweeter Hallschent méi druginn hunn. E schéine Konter vum Adeyemi sollt dunn de Match en Faveur vun den Dortmunder entscheeden.
Am zweete Match vum Owend tëscht den Iwwerraschungsekippe Brügge a Benfica Lissabon konnt de Veräin aus Portugal de Match mat engem 2:0 fir sech entscheeden.
1:0 Adeyemi (63')
Nodeems et bei Chelsea an der leschter Zäit virun allem am Championnat net esou richteg gelaf ass, hate sech d’Blues den Owend virgeholl, en anert Gesiicht ze weisen. D’Spiller vum BVB haten allerdéngs eppes dogéint: Si wollten de positiven Trend an d’Euphorie aus de leschte Prestatiounen an der Bundesliga mat an de Match huelen a schonn e Schrëtt a Richtung Véierelsfinalle maachen.
Béid Ekippen hunn an der Ufanksphas mat voller Vitesse gespillt an et ass an den éischten 10 Minutten op an of gaangen. Obschonns eng gewësse Vitesse am Spill war, huet et de béide Formatiounen an de wichtege Momenter u Prezisioun an u Konzentratioun gefeelt. No enger nervöser Ufanksphas war et dunn den FC Chelsea, deen déi éischt richteg Chance verbuche konnt. No ronn 16 Minutte louch de Ball nämlech no engem Fräistouss vum James am Dortmunder Filet. Allerdéngs gouf de vermeintleche Gol annuléiert. Dëst well den Thiago Silva de Ball mat der Hand am Gol ënnerbruecht hat. Zwou Minutte méi spéit konnt de Wolf am Strofraum no engem schéine Solo in extremis vun engem Verdeedeger vun Chelsea vum Ball getrennt ginn.
Doropshin huet de BVB de Match an d’Hand geholl an huet probéiert de Géigner duerch e puer séier Virstéiss ënner Drock ze setzen. Esou konnt dem Adeyemi säi Schoss an der 26. Minutt a leschter Sekonn blockéiert ginn. 60 Sekonnen drop, huet den Haller de Ball just knapps nieft de Gol gesat. Vun Chelsea war an dëser Phas vum Match net all ze vill ze gesinn. No 32 Minutte war et dunn de Joao Felix, dee fir Chelsea e Schoss a Richtung Gol ofgesat huet, mä säi Schlenzer huet säin Zil verfeelt. Et war och de Joao Felix, deen an der 38. Minutt déi gréissten Occasioun am Match hat. No enger schéiner Virlag vum Havertz ass de Joao Felix zum Schoss komm, deen allerdéngs op der Lat vum Gol gelant ass.
Duerno ass net méi vill geschitt, soudatt béid Formatiounen an engem chancenaarme Match mat engem 0:0 an d’Paus geschéckt goufen.
Nom Téi war Chelsea déi besser an déi méi aktiv Ekipp. Esou konnten James a Joao Felix de Kobel am Dortmunder Gol déi eng oder aner Kéier op d’Prouf stellen. D’Spiller vum BVB si ferm geschwommen an hate Krämpes den Tempo vun de Blues matzegoen. Mä et waren awer d’Dortmunder, déi an der 63. Minutt mat 1:0 a Féierung goe konnten. Den Adeyemi, deen no engem Corner vun Chelsea un de Ball komm ass, hat sech eleng duerch d’Bascht gemaach, d’Gäscht klassesch ausgekontert an de Ball souverän am Filet ënnerbruecht. De Gol huet zu dësem Moment net dem Spillverlaf entsprach, mä dat dierft dem BVB wuel egal gewiescht sinn.
Eng Äntwert op dëse Géigegol ass Chelsea schëlleg bliwwen, soudatt de Match dohigeplätschert ass. Vun der 75. Minutt un, huet Chelsea dunn allerdéngs den Drock nees erhéicht, soudatt si an der 78. Minutt zu enger Grousschance komm sinn. No enger Flank ass de Koulibaly am Strofraum vun den Dortmunder un de Ball komm. Dësen huet net laang gezéckt an huet direkt ofgezunn. Säi fulminante Schoss konnt de Kobel paréieren, mä de Ball ass trotzdeem a Richtung Gol gekullert. Kuerz ier datt de Ball am Gol gelant ass, konnt den Can de Ball allerdéngs op der Linn klären. An dëser Situatioun hat Dortmund Gléck, datt den 1:1 net gefall ass.
Chelsea huet nach eng Kéier alles no vir geworf an huet probéiert, den Ausgläich ze markéieren. De BVB huet sech iwwerdeems schwéier gedoen Entlaaschtung ze fannen. Mä um Enn huet Chelsea den Drock ze spéit erhéicht, soudatt de BVB de Match mat 1:0 gewannen a sech domadder eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch erschaffe konnt.
0:1 Joao Mario (51', Eelefmeter), 0:2 David Neres (88')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.