
Am Grupp G hu sech Dortmund a Manchester City kloer duerchgesat. Chelsea huet am Spëtzematch vum Grupp E géint den AC Mailand d’Iwwerhand behalen. Op Plaz 1 an deem Grupp ass awer RB Salzburg.
Fir Leipzig gouf et iwwerdeems am Grupp F den éischte Succès. Real Madrid huet sech knapp géint Donezk behaapt. Am Grupp H huet de PSG bei Benfica just gläich gespillt. Juventus huet déi éischt Victoire géint Haifa gefeiert.
FC Sevilla - Borussia Dortmund 1:4
0:1 Guerreiro (6'), 0:2 Bellingham (41'), 0:3 Adeyemi (43'), 1:3 En-Nesyri (51'), 1:4 Brandt (75')
Dortmund ass gutt an de Match gestart an de Guerreiro huet mat der 1. Chance vum Spill den 1:0 fir seng Faarwe markéiert. No engem Solo iwwert déi lénks Säit huet de Portugis de Ball mat engem secke Schoss an de Filet gesat. Sevilla huet awer reagéiert an huet sech gutt Geleeënheeten erausgespillt. No 20 Minutte war et en animéierte Match, wou béid Ekippen et verpasst hunn, aus hire grousse Chancen e Gol ze markéieren. Kuerz virun der Paus hunn d’Gäscht d’Raim an der Ofwier ausgenotzt. Fir d’éischt huet de Bellingham d’Féierung verduebelt, éier den Adeyemi den drëtte Gol markéiert huet.
No der Paus war de BVB net ganz konzentréiert a Sevilla huet duerch den En-Nesyri d’Resultat verkierzt. D’Spuenier hunn alles probéiert, fir méi no erunzekommen. Obwuel Sevilla sech Chancen erausspille konnt huet Dortmund an der 75. Minutt den Deckel op d’Partie gemaach. Sevilla konnt näischt méi dogéint setzen an huet um Enn verdéngt mat 1:4 géint Dortmund de Kierzere gezunn.
Manchester City - Kopenhagen 5:0
1:0 Haaland (7'), 2:0 Haaland (32'), 3:0 Khocholava (39', Selbstgol), 4:0 Mahrez (55', Eelefmeter), 5:0 Alvarez (76')
RB Salzburg - Dinamo Zagreb 1:0
1:0 Okafor (71', Eelefmeter)
Chelsea - AC Mailand 3:0
1:0 Fofana (24'), 2:0 Aubameyang (56'), 3:0 James (62')
RB Leipzig - Celtic Glasgow 3:1
1:0 Nkunku (27'), 1:1 Jota (47'), 2:1 Silva (64'), 3:1 Silva (77')
Real Madrid - Donezk 2:1
1:0 Rodrygo (13'), 2:0 Vinicius Junior (28'), 2:1 Zubkov (39')
Benfica - PSG 1:1
0:1 Messi (22'), 1:1 Danilo (41', Selbstgol)
Juventus - Maccabi Haifa 3:1
1:0 Rabiot (35'), 2:0 Vlahovic (50'), 2:1 David (75'), 3:1 Rabiot (83')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.