
Borussia Dortmund steet op d’mannst bis e Samschdeg un der Tabellespëtzt vun der däitscher Futtball-Bundesliga. Beim 1:0 (0:0) géint Werder Bremen ass der Ekipp vum Trainer Edin Terzic déi fënneft Victoire noenee gegléckt. Virun 81.365 Spectateuren huet de Julian Brandt an der 67. Minutt fir de verdéngte Succès vum BVB gesuergt.
Bei Werder Bremen leeft et dogéint weider net gutt. No der véierter Néierlag an de leschte fënnef Matcher kënnt een den Ofstigsplazen ëmmer méi no.