
Borussia Dortmund - RB Leipzig
1:0 Reus (21', p), 2:0 Can (39'), 2:1 Fosberg (74')
Dortmund hat fréi geféiert. No 13 Minutten hat de Brandt eng Flank vum Bellingham genotzt a markéiert. Ma de VAR hat sech wéinst Händs ageschalt an de Gol zeréckgeholl. Ma kuerz drop dunn huet de Jubel du standgehalen. No engem domme Foul vum Leipziger Golkipp huet de Reus sech et net huele gelooss, vum Punkt ze markéieren, obwuel de Blaswich am richtegen Eck war, Dortmund war also no 21 Minutten 1:0 a Féierung. An der 39. Minutt huet de Can sech aus der Distanz en Häerz geholl an drop gehalen. Och hien huet dem Keeper keng Chance gelooss an op 2:0 erhéicht. Leipzig ass an der éischter Hallschent haaptsächlech duerch Fouls a ganzer véier gieler Kaarten opgefall.
Ma nom Säitewiessel hate si dunn direkt eng gutt Chance, ma de Silva hat de Gol knapp verpasst. Leipzig ass e bësse méi geféierlech ginn an och Dortmund hat seng Chancen no der Paus. Mä et war de Forsberg, dee vun der Iwwersiicht vum Raum profitéiere konnt, a seng Ekipp an der 74. Minutt nees erubruecht huet. Leipzig huet dono probéiert, den Ausgläich ze markéieren, ma ass ëmmer nees un der Defense hänke bliwwen. An der 94. hat de Werner eng gutt Chance, ma ass un engem Verdeedeger hänke bliwwen an an der 95. huet de Meyer excellent géint de Forsberg paréiert. Esou ziddert sech Dortmund zum Schluss duerch eng staarkt éischt Hallschent zu enger 2:1-Victoire. A mat dësen dräi Punkte ka sech de BVB op alle Fall emol virleefeg un d’Spëtzt vun der Bundesliga setzen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
SSC Neapel - Lazio Roum
0:1 Vecino (67')
Wéi an Däitschland gouf et och an Italien eng Spëtzepartie um Freideg. De Leader Neapel huet doheem de véierte Lazio Roum empfaangen. An Neapel ass an den éischte 45 Minutten och wéi e Leader opgetrueden, och wa si no 6 Minutte bal 0:1 hanne gewiescht wieren. D’Heemekipp hat däitlech méi Ballbesëtz a vill méi Ofschlëss, ma et huet un der Prezisioun gefeelt. Esou änlech ass et an der zweeter Hallschent laang gaangen, ma et waren awer d’Gäscht, déi quasi mat der éischter Chance nom Téi an der 68. Minutt a Féierung konnte goen. De Vecina hat de Ball propper aus der Distanz getraff an huet dem Meret am Gol vun Neapel keng Chance gelooss. Neapel huet dono den Drock nach eng Kéier erhéicht, ma entweder war e Fouss vum Verteideger oder de Golkipp dotëscht oder si hate Pech, wéi den Osimhen, deen an der 79. Minutt just d’Lat getraff huet. Kuerz viru Schluss hätt Lazio d’Féierung och nach ausbaue kéinten, ma de Milinkovic-Savic hat per Fräistouss just de Potto getraff. Mat dësen dräi Punkte spréngt Lazio virleefeg op d’Plaz 2 an der Tabell. De Réckstand op Neapel ass awer nach 17 Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
OGC Nice - AJ Auxerre
0:1 Hein (36'), 1:1 Laborde (45'+1)
Obwuel Nice an Auxerre an der Tabell wäit ausernee sinn, war dëst fir béid e wichtege Match, fir Nice, fir un den europäesche Plazen ze bleiwen, a fir Auxerre, fir sech Loft am Ofstigskampf ze verschafen. An d’Gäscht konnten och no 36 Minutte jubelen, wéi den Hein si per Direktschoss a Féierung bruecht huet. 6 Minutte méi spéit hat de Laborde vum Punkt d’Chance, auszegläichen, ma de Keeper war op der Plaz. Aus dem Spill eraus huet hien et an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent besser gemaach an den Ausgläich mam Kapp markéiert.
An der zweeter Hallschent hat Nice no enger Stonn eng gutt Chance, ma de Boudaoui hat just d’Lat getraff. Ma och Auxerre huet sech net verstoppt a koum zu senge Méiglechkeet. Schlussendlech ass et awer beim 1:1 bliwwen, mat deem Auxerre als Aussesäiter wuel besser liewe kann, wann ee bedenkt, datt Nice fréi am Match en Eelefmeter verschoss hat.