Dat mat engem remarkabele Chrono vun 11 Sekonnen an 18 Honnertstel, eng Verbesserung vun 11 Honnertstel. Duerno stoung eng Seance Kraafttraining, am Sall vum LIPS, an der Coque um Programm.
E Sonndeg leeft d’Sprinterin um Sëlwer-Meeting zu Rehlingen an e Méindeg geet et op d’Spiller vun de Klenge Länner zu Malta.
Den Héichpunkt vun der Saison ass dann d’Universiade a China ugangs August. All d’Meetingen, inklusiv d’Spiller vun de klenge Länner, sinn Tëschenetappen um Wee dohinner .
Dat gëllt och fir dem Patrizia seng Trainingspartnerin Victoria Rausch. Och fir d’Spezialistin an den Hecken ass Malta eng vun e puer Kompetitiounen, fir sech op d’Universade ze preparéieren.