E Samschdeg stoung am nationale Futtballchampionnat de 24. Spilldag um Programm.
Fir den F91 Diddeleng an de Swift Hesper gouf et ënnert anerem dräi Punkten, Käerjeng ass mat 0:8 géint Déifferdeng ënnergaangen a fir d’Fola ass et zu Rouspert näischt ze huele ginn.
Fir den F91 Diddeleng gouf et um 16.00 Auer eng kloer 4:0-Victoire géint den US Munneref. Virun den eegene Spectateuren hu si de Match vun Ufank un dominéiert. Duerch zwee fréi Goler vum Bojic an Hadji war et scho fréi kloer a wéieng Richtung dës Partie goe wäert. D’Gäscht vu Munneref sinn dem Ball gréisstendeels hannendru gelaf a sinn no engem Eelefmeter géint sech mat engem Réckstand vun dräi Goler an d’Vestiaire gaangen. An der zweeter Hallschent war d’Spannung dann aus dem Match. Diddeleng huet d’Féierung souverän iwwert d’Zäit bruecht a wënnt no engem weidere Gol vum Freire an der Nospillzäit mat 4:0.
Am zweete fréie Match vum Dag hu sech d’Jeunesse a Péiteng mat engem 2:2 d’Punkte gedeelt. No enger schwaacher éischter Hallschent ouni gutt offensiven Aktiounen war d’Partie am zweeten Duerchgang dann e Stéck méi interessant. An der 58. Minutt huet de Besch déi Escher a Féierung bruecht an domat déi Péitenger zu enger Reaktioun gezwongen. Dës ass och an der 77. Minutt duerch de Sarr mam 1:1 komm. Fënnef Minutte viru Schluss konnt d’Jeunesse dann zwar eng weider Kéier a Féierung goen, ma en Eelefmeter vum Tekiela an der 94. Spillminutt huet um Enn fir de Remis gesuergt.
Diddeleng - Munneref 4:0
1:0 Bojic (6'), 2:0 Hadji (14'), 3:0 Magno (33'), 4:0 Freire (90+2')
Jeunesse - Péiteng 2:2
1:0 Besch (58'), 1:1 Sarr (77'), 2:1 Arénate (85'), 2:2 Tekiela (90+4')
Hesper - Monnerech 2:1
1:0 Zeghdane (18'), 1:1 Alunni (29'), 2:1 Stolz (64')
Käerjeng - Déifferdeng 0:8
0:1 Oliveira (12'), 0:2 Naïfi (31'), 0:3 Pomponi (34'), 0:4 Pomponi (38'), 0:5 Naïfi (69'), 0:6 Trani (81'), 0:7 Pomponi (83'), 0:8 Ambrosio (90')
Rouspert - Fola 3:0
1:0 van Lingen (11'), 2:0 van Lingen (14'), 3:0 Carratala-Jimenez (60')
Wolz - Etzella 3:0
1:0 Romeyns (33'), 2:0 Jaiteh (55'), 3:0 Lusala (90+5')
Nidderkuer - Stroossen 2:1
0:1 Babit (4'), 1:1 Bijelic (27'), 2:1 De Almeida (45+1')
Hueschtert - Racing 1:1
0:1 Hennetier (46'), 1:1 Zilli (90+6')