Ronn 7.000 Lizenzen huet d’FLAM. Dat ass déi Federatioun, wou déi sougenannten Arts Martiaux dra vertruede sinn. Op der Generalversammlung e Mëttwochowend hunn awer 3 Sportaarte gefrot, fir aus der FLAM erauszegoen. An dat waren de Karate, de Judo an och nach den Taekwondo.
Déi dräi Sektioune sinn och déi gréissten an der FLAM. Schonns méi laang war gewosst, datt si an Zukunft eegestänneg Federatioun wëlle ginn. Ee Grond war fir de President vun der Karate-Sektioun Fred Charlé, datt d’Entscheedungsweeër dacks ze laang sinn an och d’Kommunikatioun zum Deel schwéierfälleg ass.
“De Moment ass d’Kommunikatioun extrem gutt. Trotzdeem muss ee wëssen, datt wa mir Comité vum Karate hunn, da musse mir deen approuvéiere loossen. Dat dauert dann 10 Deeg. Bei wichtege Saache musse mir de Comité Directeur hunn, fir ofstëmmen ze loossen. Ech verstinn och, datt déi sech net all Woch gesinn. Dat ass schonns zimmlech komplizéiert.”
Fir de Viz-President vun der Judo-Sektioun Tom Schmit krut een och vun der europäescher Judo-Unioun, respektiv dem internationale Verband eng Obligatioun operluecht, aus där an noer Zukunft och eng Verflichtung gëtt, datt ee muss eng autonom Federatioun sinn.
“Ouni datt de Judo eng eegestänneg Federatioun ass, kënne mir op internationalem Plang net méi unerkannt ginn.”
Dee selwechten Drock krut och den Taekwondo a leschter Zäit gemaach. Esou datt et fir de President Norbert Welu keng aner Méiglechkeet gëtt, fir aus der FLAM eraus ze goen.
“Entweder bass de eng Federatioun oder keng an da si mir eraus. Erkläert mir wannechgelift, wéi ech viru Sportler soll trieden an hinne soen: ‘Du hues gutt Resultater, mä op eng Weltmeeschterschaft gees du net hin, well du bass eng FLAM’. Mir mussen no eise Sportler kucken an net no eiser Nues an d’Lëtzebuerger Land vertrieden.”
Demandë vum Austrëtt vun de Sektioune Karate, Judo an Taekwondo gouf bei 8 Enthalungen a kenger Géigestëmm acceptéiert, esou datt deemnächst nach just aus 15 Disziplinne vun den Arts Martiaux an der FLAM vertruede wäerte sinn.