
Am Bouschéissen waren d’Mariya Shkolna an de Jeff Henckels fir d’éischte Kéier am Asaz.
Am Compound huet sech d’Mariya Shkolna an der Ranking Round mat engem Score vu 690 als 11. ënnert 15 Konkurrentinne klasséiert. Am stäerkste war d’Ella Gibson aus Groussbritannien. Si huet mat 715 Punkten en neie Weltrekord realiséiert.
An den 1/8-Finalle kritt d’Lëtzebuergerin et e Samschdeg um 18 Auer mat der Italieenerin Elisa Roner ze dinn.
Am Recurve huet sech de Jeff Henckels an der Ranking Round ënnert 47 Sportler als 28. mat engem Score vu 655 klasséiert. E Méindeg kritt de Lëtzebuerger et an den 1/32-Finalle mam Ungar Matyas Laszlo Balogh ze dinn.
Am Dëschtennis war et direkt an der éischter Ronn (Round of 16) den Out am Dubbel-Mixed fir de Lëtzebuerger Duo Luka Mladenovic an Ni Xia Lian. Si hu mat 1:3 géint déi däitsch Koppel Qiu/Mittelmann verluer.
Out dann och fir de Luka Mladenovic an der Virronn am Eenzel. Hien huet mat 0:4 géint de Rumän Ovidiu Ionescu verluer. Den Eric Glod huet sech och misse mat 0:4 géint de Belsch Cedric Nuytinck geschloe ginn.
Eng Ronn weider ass d’Sarah De Nutte. Si huet mat 4:1 géint d’Norweegerin Martine Toftaker gewonnen.
E Samschdeg sinn d’Sarah De Nutte an d’Ni Xia Lian an de 1/16-Finalle vum Eenzel gefuerdert.