Match géint AserbaidschanDronen iwwert dem Stade Josy Barthel verbueden

RTL Lëtzebuerg
De 17. November spillt d'FLF-Formatioun an der Nations League géint den Aserbaidschan.
© Val Wagner (Archiv)

Am Kader vun deem Match, hunn d’Autoritéiten decidéiert, datt am ganze Beräich ronderëm de Stadion keng Dronen dierfe fléien.

Dëst ass wuel eng Reaktioun op d’Situatioun vum Match vum F91 Diddeleng géint Qarabag, wou eng Dron mat engem Fändel d’Gäscht aus dem Aserbaidschan provozéiert huet.

De Communiqué vun der Aviation civile

Verbuet vun all Drone-Flich iwwer dem Stade Josy Barthel den 17. November 2020

Am Kader vum Futtballsmatch tëschent den Nationalekippen vu Lëtzebuerg an Aserbaidjan, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, den 17. November 2020 all Drone-Flich am Loftraum „Stade Josy Barthel“ ze verbidden.

Back to Top
CIM LOGO