DammefuttballD'Rout Léiwinne verléieren 1. Match an der WM-Quali géint Nordirland

RTL Lëtzebuerg
Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Dammefuttball huet d'Nationalekipp e Freideg den Owend e Match an enger WM-Qualifikatioun gespillt.
© Val Wagner

Auswäerts sinn d’Rout Léiwinnen op Nordirland getraff.

Ma vun Ufank un goufe si dominéiert vun hirem Géigner. Um Enn stoung et 4:0 fir d’Lokalmatadorinnen.

En Dënschdeg steet schonn deen zweete Match an der WM-Qualifikatioun fir d’Lëtzebuergerinnen um Programm. Am Stade de Luxembourg op der Cloche d’Or geet et da géint England. De Match gëtt live op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu iwwerdroen.

Bei eisem Gewënnspill kënnt Dir och nach zwee Tickete fir de Match gewannen. Maacht hei mat.

De Kader vun der Lëtzebuerger Dammennationalekipp

© FLF

Back to Top
CIM LOGO