Lëtzebuerger Futtballer am AuslandD'Royale Union St. Gilloise mam Anthony Moris spillt 1:1 gläich

RTL Lëtzebuerg
Um 1. Spilldag am éisträichesche Championnat huet iwwerdeems Austria Wien mam Marvin Martins auswäerts mat 0:3 géint RB Salzburg de Kierzere gezunn.
© pressphoto (Archiv)

An der Belsch gouf et um Samschdeg Owend en 1:1-Remis tëschent St.-Trond a der Royale Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris. De Nationalgolkipp stoung am 1. Match vun der neier Saison 90 Minutten um Terrain.

Freideg

E Freideg war ee Lëtzebuerger Nationalspiller mat sengem Veräin am Ausland am Asaz. Fir Austria Wien mam Marvin Martins gouf et um éischte Spilldag am éisträichesche Championnat awer eng 0:3-Néierlag bei RB Salzburg. De Lëtzebuerger stoung de komplette Match um Terrain.

Donneschdeg

En Donneschdeg den Owend war de Vincent Thill scho mat Worskla Poltawa an der Conference-League-Qualifikatioun am Asaz. Den Allersmatch géint Alk Stockholm huet ee mat 3:2 gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 88. Minutt ausgewiesselt.

Mam Enes Mahmutovic war hei nach een zweete Lëtzebuerger Nationalspiller am Asaz. Hien huet mat sengem Veräin ZSKA Sofia 0:0 gläich géint Skopje gespillt. De Mahmutovic stoung de ganze Match um Terrain a gouf an der 51. Minutt ausgewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO