RIPD'Sportswelt trauert ëm de Marc Haentges

RTL Lëtzebuerg
Hien ass am Alter vun 58 Joer gestuerwen, dat un de Suitte vun engem Verkéiersaccident.
© Roland Miny

De Marc Haentges hat sech an den 80er an 90er Joren en Numm am Lëtzebuerger Basket gemaach. Hien huet zu Ettelbréck, Bartreng an och an der Nationalequippe gespillt. Ënner anerem gouf hien 1992 Meeschter mat der Ettelbrécker Etzella.

De Marc Haentges ass och bekannt als Patron vun engem grousse Lëtzebuerger Sportsgeschäft.

Virun 3 Woche war hie mam Vëlo vun engem Auto ugestouss ginn, op der Streck tëschent Schieren a Steeën.

D’RTL-Redaktioun dréckt der Famill och hiert häerzlecht Bäileed aus.

Back to Top
CIM LOGO