Konschtturnen: Luxembourg OpenD'Titele si fir d'Céleste Mordenti an de Quentin Brandenburger

RTL Lëtzebuerg
Vun der éischter op déi zweet Editioun gouf et e quantitativen an och e qualitative Sprong bei de Luxembourg Open.
De Resumé vun den 2. Luxembourg Open
D’Céleste Mordenti huet an der Allround-Kompetitioun eng gutt Performance gewisen.

D’Preparatioun vun den Turner an Turnerinnen, fir d’Europameeschterschaft an 2 respektiv 3 Wochen zu Rimini, huet do gehollef. D’Präsenz vun net-europäeschen Ekippen, wéi den Australier an de Kanadier huet ënnerstrach, datt eng gutt Organisatioun, Ambiance a Kompetitioun sech erëmschwätzt.

An deem Beräich hunn d’Luxembourg Open sech séier e gudden Numm gemaach. D’Federatioun huet och vun der Occasioun profitéiert, fir de lëtzebuergesche Championnat an de Luxembourg Open z’integréieren, wat a villen Hisiichte Positives mat sech bruecht huet.

Bei de Senioren hunn de Quentin Brandenburger an d’Céleste Mordenti scho vill Erfarungen op der internationaler Bün gesammelt. Sou konnt d’Céleste Mordenti an der Allround-Kompetitioun vun de Luxembourg Open ganz uewen um Podium stoen. Déi éischte Kéier an hirer Karriär konnt si déi magesch Grenz vu 50 Punkten iwwer déi véier Geräter areechen a sech fir d’Finall qualifizéieren.

Den Dag drop an de Finallen ass et awer net grad esou gutt gelaf. Viru ronn engem Mount hat d’Céleste Mordenti 13 Punkten um Barren um World Cup erreecht. Dat war och d’Zil an der Finall. Ee Feeler a scho war et eriwwer mat enger gudder Nott. Dat selwecht ass och um Schwebebalken passéiert.

Déi 21 Joer al Turnerin huet grouss Fortschrëtter wärend hiren annerhallwe Joren zu Amsterdam gemaach, wou si kënschtlech Intelligenz studéiert an 30 Stonnen an der Woch trainéiert. Ëmmerhi sinn dann an de Finallen nach zwou zweet an zwou drëtt Plazen erausgesprongen.

Fir de Quentin Brandenburger waren d’Luxembourg Open mat verschiddenen Emotioune gefëllt. Gutt a manner gutt Performancen hu sech ofgewiesselt. Wann nei Schwieregkeetsgraden agebaut ginn, da besteet eben de Risiko, dass eppes ka schif goen.

Besonnesch déi exzellent Performance op de Reng wärend der Allround-Kompetitioun muss een awer ënnersträichen. Fir de Brandenburger war et fir dëst Joer déi eenzeg Kompetitioun. Nom Bac geet et op den Härebierg fir d’Formatioun als Sportzaldot ze maachen.

Dass déi nei Champione bei de Seniore Mordenti a Brandenburger heeschen, dat war keng Iwwerraschung. Och de Nowuess huet gutt Usätz gewisen, sou dass d’Turnerfamill mat Zouversiicht an d’Zukunft ka kucken.

Back to Top
CIM LOGO