Champions LeagueD'UEFA bezilt de Liverpool-Supporter den Ticket zeréck

RTL Lëtzebuerg
Bei der leschter Champions-League-Finall zu Paräis war et zu groussen organisatoresche Pannen a chaoteschen Zeene beim Stade de France komm.

Dat zum Nodeel vu ville Fans vun de “Reds”, déi mat op Saint-Denis gereest waren.

Bei enger Enquête gouf festgestallt, datt virun allem den europäesche Futtball-Verband an der Responsabilitéit wier, woubäi et och Kritik un der franséischer Police gouf. Knapp 20.000 Tickete gi rembourséiert.

De Match hat mat méi wéi enger hallwer Stonn Verspéidung ugefaangen a Real-Madrid hat 1-0 géint Liverpool gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO