Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDuerchwuessene Sonndeg fir d'Lëtzebuerger am Ausland

RTL Lëtzebuerg
De Maxime Chanot an de Marvin Martins hunn Néierlage mussen astiechen an den Dirk Carlson an den Eldin Dzogovic sammelen ee Punkt.
© AFP-Archiv

An der Nuecht op e Sonndeg huet de Maxime Chanot mat New York City 2:3 zu Charlotte an domat déi zweet Néierlag hannertenee kasséiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller souz wärend 90 Minutten op der Bänk an huet vu bausse gesinn, wéi seng Ekipp zweemol e Réckstand opgeholl huet, mee um Enn als Verléierer vum Terrain goung.

An der éisträichescher zweeter Liga gouf et en 1:1 fir den Dirk Carlson a St. Pölten géint den Tabelleleschte Steyr. St. Pölten konnt net vum Gläichspill vum direkte Konkurrent Linz profitéieren a läit soumat weiderhi just ee Punkt virum Tabellenzweeten. Et bleiwen nach véier Matcher ze spillen.

Eng Divisioun méi héich huet Austria Wien eng 1:2-Néierlag mussen hinhuelen. D’Ekipp aus der éisträichescher Haaptstad louch zur Paus 0:2 hannen, konnt sech am zweeten Duerchgang awer nach zeréckkämpfen, mee et sollt net méi fir Punkten duergoen. De Marvin Martins stoung an der Startformatioun, huet eng Giel Kaart kasséiert a gouf an der 89. Minutt ausgewiesselt.

Den FC Magdeburg huet an der zweeter däitscher Bundesliga dem Favorit Heidenheim am Kampf ëm den Opstig zwee Punkten ofgeholl. D’Ekipp vum Eldin Dzogovic, deen am Match net zum Asaz koum, huet dem Tabellenzweete bei engem 0:0 gehalen.

An Norwegen huet Kongsvinger, d’Ekipp vum Lars Gerson, 2:1 géint Jerv gewonnen. Béid Ekippe stinn no sechs Spilldeeg am Mëttelfeld vun der Tabell. De Lëtzebuerger huet 90 Minutten duerchgespillt.

Samschdeg

Um Samschdeg gouf et fir den Eric Veiga a Vilafranquense eng 1:2-Defaite géint Mafra, den direkte Konkurrent an der Tabell. D’Ekipp vum Lëtzebuerger war wuel mat 1:0 a Féierung gaangen, mee Mafra konnt duerch zwee séier Goler no der Paus de Match zu senge Gonschten dréien. Domat ass elo och rechneresch kloer, dass Vilafranquense och déi nächst Saison an der zweeter portugisescher Liga spille wäert. Den Eric Veiga koum wärend 90 Minutten net zum Asaz.

De Sebastien Thill stoung bei der 2:0-Victoire vu Rostock géint den direkte Konkurrent am Kampf géint den Ofstig Regensburg net am Kader. Hansa Rostock huet an der zweeter däitscher Bundesliga elo véier Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz.

An der drëtter däitscher Liga huet Mannheim eng Néierlag mussen astiechen a ka seng Hoffnungen op den Opstig wuel begruewen. D’Ekipp vum Laurent Jans, deen 90 Minutten duerchgespillt huet, huet iwwerraschend däitlech 1:3 beim Ofstigskandidat Zwickau verluer, obwuel de Martinovic de Waldhof no eelef Minutten a Féierung bruecht hat. D’Ekipp aus dem Oste vun Däitschland huet de Match an der zweeter Hallschent nach kënnen dréien.

An Ungarn konnt Ujpest ouni den Tim Hall am Derby géint den Ofsteiger Vasas Budapest en 1:1 verbuchen. D’Gäscht waren an der 37. Minutt a Féierung gaangen, mee d’Ekipp vum Lëtzebuerger konnt nach virun der Paus ausgläichen.

Den Anthony Moris konnt den 2. Spilldag vum Playoff mat Union St. Gilloise eng 2:1-Victoire beim FC Bruges feieren a sech domat fir d’Néierlag am éischte Match erëmkafen. Mat engem Gol kuerz virun a kuerz no der Paus hat St. Gilloise de Grondstee fir dës Victoire geluecht. An der Nospillzäit huet de Lëtzebuerger Golkipp awer nach eng Kéier hannert sech musse gräifen.

An der hollännescher Eredivisie huet Sparta Rotterdam eng batter 0:1-Defaite géint Eindhoven kasséiert. D’Ekipp vum Mica Pinto huet laang Zäit gutt matgehalen, mee d’PSV huet an der 74. Minutt den decisive Gol geschoss an huet domat weiderhin d’Chance op de Meeschtertitel. De Mica Pinto stoung wärend 90 Minutten um Terrain.

Um 34. Spilldag an der franséischer Ligue 2 huet de Florian Bohnert mat Bastia 1:2 beim Stade Laval verluer. Laval war duerch zwee séier Goler an der éischter hallwer Stonn a Féierung gaangen, déi Bastia net méi ausgläiche konnt. D’Ekipp vum Lëtzebuerger huet wuel nach an der 72. Minutt den Uschloss gemaach, blouf duerno awer ouni Gléck a krut nach ee Mann vum Terrain gesat. Bastia huet als Véierten an der Tabell an zwielef Punkte Réckstand op deen Zweete keng Chance méi, an d’Ligue 1 opzesteigen.

Freideg

Fir de Leandro Barreiro leeft et bei Mainz an der däitscher Bundesliga weider richteg gutt. De Lëtzebuerger huet e Freideg den Owend nees getraff. Um Enn gouf et awer keng Punkte géint Schalke, dat well de Bülter an der 12. Minutt vun der Nospillzäit nach den decisiven 3:2 markéiert huet.

D’Gäscht, déi géint den Ofstig kämpfen, waren an der 26. Minutt duerch e Gol vum Bülter mat 1:0 a Féierung gaangen. Kuerz no der Paus (53') konnt de Barreiro fir seng Faarwen op 1:1 ausgläichen. Kuerz drop ass et Schalke op en Neits gelongen, fir a Féierung ze goen. De Krauß huet an der 60. Minutt op 2:1 gesat. Duerch en Dramgol per Fräistouss vum Aaron (70') konnt Mainz nees ausgläichen. Laang huet et dunn no engem Remis ausgesinn, ma Schalke konnt eng weider Kéier zeréckkommen. De Bülter (90+12') huet mat sengem 2. Gol vum Dag a leschter Sekonn no Videobeweis per Eelefmeter den 3:2 markéiert an de Gäscht dräi ganz wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig geséchert.

An der provisorescher Tabell steet Schalke elo op Plaz 14 an huet d’Ofstigsplazen op d’mannst emol bis e Samschdeg verlooss.

Am zweete Match vum Owend huet Leverkusen géint Köln de Kierzere gezunn. Am Derby huet ee mat 1:2 verluer. Fir déi Kölner huet de Selke (14', 36') zwee Mol getraff. Den Adli (28') hat tëschenduerch fir d’Wierkseelef ausgeglach.

Fir Leverkusen ass et no 14 offizielle Matcher déi éischt Néierlag. De Lëtzebuerger Mathias Olesen gouf beim FC an der 65. Minutt agewiesselt.

Den Detail vun der Bundesliga fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO