Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDuerchwuessene Weekend fir d'Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
Martins, Moris a Mahmutovic spille mat hiren Ekippe gläich. Um Samschdeg hat de Laurent Jans säin éischte Gol fir Waldhof Mannheim geschoss.
© AFP / Archiv

Sonndeg

Den FC Magdeburg sammelt weider wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig. Um 15. Spilldag an der zweeter Bundesliga konnt d’Ekipp vum Eldin Dzogovic mat 2:1 beim 1. FC Nürnberg gewannen. De Lëtzebuerger stoung bei dësem Match awer net am Kader.

An Éisträich konnt de Marvin Martins mat der Austria Wien just ee Punkt sammelen. Am Match géint den direkte Kontrahent vu WSG Tirol gouf et just en 0:0. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung 90 Minutten um Terrain.

Um leschte Spilldag vun der Haaptronn an der schweedescher Allsvenskan huet AIK Stockholm mam Vincent Thill 0:1 géint den direkte Konkurrent Elfsborg verluer. Nodeems e Spiller vun der Ekipp vum Lëtzebuerger mat Giel-Rout vum Terrain gesat gouf, huet Elfsborg den decisive Gol geschoss.

Nodeems Union St. Gilloise an der Woch an der Europa League am Asaz war, goung et an der nationaler Liga nëmme fir en 1:1 duer. D’Ekipp vum Anthony Moris, deen 90 Minutten tëscht de Pottoe stoung, louch souguer hannen, a konnt sech eréischt an der Nospillzäit ee Punkt sécheren.

Den Enis Mahmutovic koum mat ZSKA Sofia géint de Lokalrival Lokomotive Sofia net iwwer en 0:0 eraus. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet soumat mat senger Defense kee Gol zougelooss. No 17 Spilldeeg steet ZSKA Sofia mat sechs Punkten Avance op Plaz 1.

De Mathias Olesen gouf bei der 0:2-Néierlag vu Köln zu Freiburg an der 89. Minutt agewiesselt. Et war déi éischt Kéier no senger Blessur, dass de Lëtzebuerger um Terrain stoung.

Da koum nach d’Matdeelung, dass de Sébastien Thill zu Rostock en neien Trainer kritt. Hansa Rostock huet sech vum Jens Härtel no dräi Néierlagen doheem getrennt.

Samschdeg

An der drëtter däitscher Liga huet de Laurent Jans e Samschdeg säin éischte Gol geschoss. Mat sengem Gol zum 1:0 an der 9. Spillminutt konnt hie Waldhof Mannheim a Féierung bréngen. Um Enn gouf et an der Partie géint den Hallescher FC awer nach eng 1:3-Néierlag. De Laurent Jans ass nom Maurice Deville elo den zweete Lëtzebuerger, deen an der drëtter däitscher Spillklass ee Gol markéiert huet.

Fir Vilafranquense gouf et an der zweeter portugiesescher Liga en 1:1 géint Tondela. Den Eric Veiga gouf dobäi an der Paus agewiesselt.

Den 1. FSV Mainz 05 huet sech an der 1. Bundesliga kloer misse géint Wolfsburg geschloe ginn. De Leandro Barreiro ass bei der Defaite net zum Asaz komm.

An der englescher Championship konnt sech Norwich City mat 2:1 géint Rotherham duerchsetzen. Den Danel Sinani stoung dobäi net am Kader.

Fir de Mica Pinto, deen et an der hollännescher Eredivisie an d’Ekipp vum Mount Oktober gepackt hat, ass et e Samschdeg e weidere Succès ze feiere ginn. Sparta Rotterdam huet hei eng kloer 4:0-Victoire géint Vitesse gefeiert.

Freideg

An der Bundesliga huet Borussia Mönchengladbach mat 3:1 géint de VfB Stuttgart gewonnen. Den 18 Joer ale Lëtzebuerger Yvandro Borges, dee fir d’Borussia spillt, huet de Match allerdéngs just vun der Bänk suivéiert.

An der zweeter däitscher Bundesliga huet den SV Sandhausen d'1:0-Victoire géint Hansa Rostock mat Heem geholl. De Sébastien Thill koum fir Hansa awer net an den Asaz a souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.

An der zweeter hollännescher Liga war et de VVV-Venlo, dee sech mat 3:2 géint den ADO Den Haag duerchsetze konnt. De Lëtzebuerger Dirk Carlson stoung e Freideg fir Den Haag am Kader, mä net um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO