Lëtzebuerger Futtballer am AuslandNéierlag fir Saint-Gilloise a Moris

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg waren eng Partie Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
© AFP

An Norwegen huet Kongsvinger mam Lëtzebuerger Nationalspiller Lars Gerson 1:0 géint Sandnes Ulf gewonnen. De Lëtzebuerger stoung de komplette Match iwwer um Terrain.

D’Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris hat den Donneschdeg den Owend an der Europa League Union Berlin op Besuch. Um Enn gouf et eng 0:1-Néierlag, ma d’Ekipp aus der Belsch ass nawell fir den nächsten Tour qualifizéiert.

An der Conference League waren en Donneschdeg den Owend dann och nach Köln an Austria Wien am Asaz. Fir béid Ekippen ass d’Aventure Europa fir dës Saison no der Gruppephas awer eriwwer. D’Lëtzebuerger Nationalspiller Mathias Olsen (Köln) a Marvin Martins (Wien) hunn en Donneschdeg den Owend net gespillt.

Back to Top
CIM LOGO