Lëtzebuerger Futtballer am AuslandD'Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris spillt auswäerts gläich

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend war de Lëtzebuerger Golkipp mat senger Ekipp beim Cercle Brügge am Asaz.
© AFP (Archiv)

Obwuel d’Union Saint-Gilloise däitlech méi Ballbesëtz hat an däitlech méi dacks op de Gol geschoss hat, goung et mat engem 0:0 an d’Paus. Och an der zweeter Hallschent, war et a punkto Goler laang roueg bliwwen, bis op ee Mol, den éischte Schoss vun den Haushären de Wee an de Filet fonnt huet. Den Thibo Somers huet an der 68. Minutt fir Brügge markéiert.

D’Union Saint-Gilloise konnt sech allerdéngs relativ séier vun deem Schock erhuelen an an der 82. Minutt konnt de Gustaf Nilsson den Ausgläich markéieren.

De Match goung dann och mam Resultat vun 1:1 op en Enn.

An der Tabell vun der belscher Jupiler League läit d’Union Saint-Gilloise weiderhi mat 46 Punkten op der zweeter Plaz.

Back to Top
CIM LOGO