Lëtzebuerger Futtballer am AuslandD’Union Saint-Gilloise wënnt mam Anthony Moris bei Union Berlin

RTL Lëtzebuerg
Donieft spillt Austria Wien mam Marvin Martins 0:0 géint Hapoel Be’er Scheva.
© AFP

An der Europa League war d’Union Saint-Gilloise bei Union Berlin op Besuch. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt am Gol vun de Visiteuren, déi an der 39. Minutt den decisive Gol zum 0:1 geschoss hunn. Duerch dës relativ iwwerraschend Victoire läit d’Union Saint-Gilloise nom éischte Spilldag op der zweeter Plaz vum Grupp D.

An der Europa Conference League ass Austria Wien mam Marvin Martins op Hapoel Be’er Scheva getraff. Um Enn trenne béid Ekippe sech mat engem Remis ouni Goler, woubäi de Veräin aus der éisträichescher Haaptstad offensiv méi geféierlech war. De Marvin Martins huet d’Partie duerchgespillt an no 39 Minutten déi giel Kaart gesinn.

Och Nice a Köln deele sech no engem 1:1 um éischte Spilldag vun der Conference League d’Punkten. Am Virfeld vum Match war et zu Ausschreidungen tëscht de Spectateure komm, dowéinst huet d’Partie méi spéit missen ugepaff ginn. De Mathias Olesen steet bei Köln opgrond vu senger Blessur weiderhin net am Kader.

An den USA kënnt New York City trotz engem dominanten Optrëtt doheem géint Cincinnati net iwwert een 1:1 eraus. Op Säite vun der Lokalekipp stoung de Maxime Chanot de ganze Match um Terrain a krut an der Nospillzäit déi giel Kaart. New York City war duerch ee kuriéise Selbstgol a Réckstand geroden, konnt awer kuerz virun der Paus ausgläichen.

An der éischter Liga a Saudi-Arabien konnt sech Al Wehda doheem mat 1:0 géint Abha duerchsetzen. De Gerson Rodrigues war bei der Lokalekipp net am Kader. Et ass déi éischt Victoire fir Al Wehda an der neier Saison.

Back to Top
CIM LOGO