
Beim Diamond-League-Meeting zu Roum huet den Armand Duplantis en Donneschdeg säin Ausnametalent op en Neits ënner Beweis gestallt an den 9.545 Deeg ale Weltrekord ënner fräiem Himmel vum legendäre Sergej Bubka verbessert.
Den 20 Joer ale Schwed huet am Stadio Olimpico eng Héicht vu 6 Meter a 15 Zentimeter gemeeschtert. Am zweete Versuch ass hien domadder een Zentimeter méi héich gespronge wéi den Ukrainer Bubka den 31. Juli 1994 am italienesche Sestriere.
An der Hal ass den Duplantis de 15. Februar dëst Joer esouguer schonn iwwer 6,18 Meter geflunn. Dës Héicht gëtt vum internationale Liichtathletikverband als offizielle Weltrekord gezielt.
An all senge 15 Competitiounen dëst Joer huet sech de Schwed d’Victoire geséchert.