Ironman op HawaiiD'US-Amerikanerin Chelsea Sodaro huet d'Course bei den Damme gewonnen

RTL Lëtzebuerg
Déi nei Ironman-Weltmeeschterin am Triathlon huet sech bei hirer éischter Participatioun bei der legendärer Course op Hawaii iwwerraschend duerchgesat.
© AFP

D’Chelsea Sodaro huet fir déi 3,8 Kilometer Schwammen, 180 Kilometer um Vëlo an e Marathon lafen 8 an eng hallef Stonnen gebraucht.

D’Anne Haug, Matfavorittin a Gewënnerin vun der leschter Editioun vun 2019 huet als bescht Däitsch déi drëtt Plaz beluecht. D’Brittin Lucy Charles-Barclay ass als Zweet iwwert d’Arrivée komm.
E Samschdeg ass d’Course vun den Hären.

Well ze vill Leit dëst Joer zu Kona ugemellt waren, gouf dat Ganzt eng éischte Kéier an zwou Courssen opgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO